Gare vu Froidthier
D'Gare vu Froidthier war eng belsch Gare op der fréierer Eisebunnstreck Chênée-Plombieres zu Froidthier, tëscht der Gare vun Thimister an där vun Aubel.
Land | Belsch |
---|---|
Provënz | Provënz Léck |
Gemeng | Thimister-Clermont |
Uertschaft | Froidthier |
Koordinaten | 50°40'49"N, 5°51'10"O |
Charakteristiken | |
Linn(en) |
Linn 38 Chênée-Plombières |
Gleiser | 0 (fréier 1) |
Quaien | 0 (fréier 1) |
PK | 30,01 |
Geschicht | |
Opgaangen | 22. September 1881 |
Zougemaach | 2. Juni 1957 |
Se gouf 1881 vun der Compagnie des chemins de fer du plateau de Herve a Betrib geholl. 1895, gouf se sou wéi och d'Streck vun de Chemins de fer de l'État belge iwwerholl an 1957 vun der SNCB zougemaach.
D'Gebai vun der Gare besteet nach, an et ass eng Wunneng dran.