Gare vu Chênée

belsch Gare


D'Gare vu Chênée ass eng belsch Gare op der Eisebunnsstreck Léck-Guillemins - Hergenrath an der Lécker Sektioun Chênée.

Gare vu Chênée
Land Belsch
Provënz Provënz Léck
Gemeng Léck
Uertschaft Chênée
Koordinaten 50°36'27,842"N, 5°37'0,235"O
Charakteristiken
Linn Linn 37 - LGV 3
bis 1957 Linn38
Gleiser 6 (2 um Quai)
Quaien 1 Zentralquai
Héicht 69 m
P.K. 4,127 (vun der Linn 37)
Geschicht
Opgaangen 16. Oktober 1842

Se gouf 1842 a Betrib geholl. Et ass eng oppe Voyageursgare fir Zich vum Réseau express régional liégeois.

Déi haiteg Gare déi am Kader vum Gleisneibau fir d'LGV 3 ëm 2003 nei amenagéiert gouf, steet eng ronn 200 Meter ëstlech vun der éischter Gare déi direkt hanner der Bréck iwwer d'Ourthe stoung. Dat aalt Gebai gouf ewechgrappt.

Bis 1957 war do och den Uschloss fir d'Streck Chênée-Plombières. Déi haiteg TGV-Bréck iwwer d'Vesdre steet op der Plaz vun der Bréck vun där Streck.