Galt MacDermot

kanadesche Komponist

Den Arthur Terence Galt MacDermot, gebuer den 18. Dezember 1928 zu Montréal a gestuerwen de 17. Dezember 2018[1], war e kanadesch-amerikanesche Komponist.

Galt MacDermot
Gebuertsnumm Arthur Terence Galt MacDermot
Gebuer 18. Dezember 1928
Montréal
Gestuerwen 17. Dezember 2018
Staten Island
Nationalitéit Kanada, USA
Educatioun Universitéit vu Kapstad,
South African College of Music,
Upper Canada College
Aktivitéit Komponist, Lidderschreiwer, Filmkomponist, Pianist

Liewen änneren

Als Kand krut de Galt MacDermot eng ëmfaassend musikalesch Ausbildung (Blockflütt, Gei, Piano). Ufanks der 1950er Joren huet hien um College of Music zu Kapstadt studéiert. Hien huet méi spéit dës Phas als eng vu senge wichtegste bezeechent. Hien huet duerno a senger Heemechtsstad als Organist a Kierchemuseker geschafft, duerno als als Rock- an Jazz-Komponist an nach méi spéit als Barpianist zu New York.

Fir säi Stéck African Waltz krut hien e Grammy Award. Hien huet och Filmmusek an eng Rëtsch Musicals komponéiert, wouvun Hair dat bekanntst ass.

Wierk (Auswiel) änneren

Musical änneren

  • 1957: My Fur Lady
  • 1967: Hair
  • 1970: Isabel's a Jezebel
  • 1970: Who the Murderer Was
  • 1971: Two Gentlemen of Verona
  • 1973: Dude
  • 1973: Via Galactica
  • 1984: The Human Comedy
  • 1985: The Special
  • 1995:Time and the Wind
  • 1997: The Legend of Joan of Arc
  • 1998: Sun
  • 1998: Blondie
  • 1999: The Corporation

Filmmusek änneren

  • 1970: Cotton Comes to Harlem
  • 1971: Fortune and Men's Eyes
  • 1971: Duffer - Moon Over the Alley
  • 1975: Rhinoceros
  • 1979: Hair
  • 1992: Mistress
  • 1994: Forrest Gump
  • 2007: Zodiac

Aner Musek änneren

  • 1956: Art Gallery Jazz
  • 1961: The English Experience
  • 1966:Shapes of Rhythm
  • 1969: Hair Cuts
  • 1969: Woman is Sweeter
  • 1970: Galt MacDermot's First Natural Hair Band
  • 1979: New Pulse Band
  • 1994: Purdie as a Picture
  • 2000: Up from the Basement Volumes 1 & 2

Referenzen an Notten änneren

  1. "Hair"-Komponist MacDermot gestorben op zdf.de den 18. Dezember 2018 21:01, fir d'lescht gekuckt den 18. Dezember 2018