De Gaffiot ass en Iwwersetzungdictionnaire vu Latäin op Franséisch, deen de Félix Gaffiot op Ufro vum Verlagshaus Hachette zesummegestallt an 1934 publizéiert huet.

E Layoutmuster vum "klassesche" Gaffiot

De Gaffiot ass d'Standardwierk fir frankophon Latinisten, a war vun Ufank u mat sengen iwwer 1.700 Säiten ouni Konkurrenz.

Virleefer änneren

De Gaffiot huet de Quicherat et Daveluy ofgeléist, deen 1844 erauskoum a bal honnert Joer de Monopol a sengem Rayon hat.

Neie Gaffiot änneren

De Gaffiot, dee mat der Zäit en anachronistesche Layout krut, koum 2001 an enger moderniséierter Editioun eraus, ëm déi sech de Pierre Flobert gekëmmert hat. D'Saisie gouf op Madagaskar gemaach. Vill Wierder, déi de Gaffiot aus Schimmt erausgelooss hat, goufe bei där Geleeënheet dragesat.

Um Spaweck änneren