GLOCK, offiziell GLOCK Gesellschaft m.b.H., ass eng Waffefabréck zu Ferlach an Éisträich, déi 1963 vum Gaston Glock zu Deutsch-Wagram gegrënnt gouf.

GLOCK-Logo
Glock vun der Lëtzebuerger Douane

Glock ass haaptsächlech bekannt fir d'Hierstellung vu Feldmesseren a Pistoulen.

Déi éischt Schosswaff vu GLOCK war d'Glock 17 a gouf Ufank den 1980er Joren ënner der Bezeechnung P80 fir d'éisträichesch Arméi entwéckelt. Haut gëtt et 21 verschidde Glock-Pistoulen, déi vun der Bauaart zwar ëmmer d'selwecht sinn, sech awer am Kaliber (9 mm bis .45 ACP) souwéi aneren Detailer (Längt 160 bis 225 mm, Chargeur vu 6 bis 17 Schoss) ënnerscheeden.

D'Waffe sinn als eng vun deenen éischte mat Plastiks-Grëffstéck, dat nëmmen e puer Stol-Placken a sech huet, entwéckelt ginn. Et handelt sech ëm "Selbstladepistolen" mat engem Safe Action Ofzuchs-system, deen de Sécherheetshiewel baussen op der Waff duerch dräi integréiert Sécherungen ersetzt. GLOCK-Pistoule sinn d'Standard-Handfeierwaffe bei der norwegescher an éisträichescher Arméi, der Londoner Police, der éisträichescher Police, verschiddene Spezialunitéite vun der Police, wéi déi däitsch Grenzschutzgrupp 9 (GSG 9) an ongeféier 2/3 vun den U.S. Policekräften.

GLOCK-Waffe gëllen als besonnesch zouverlässeg an einfach ze bedéngen.

Glock 22 an oliv mat Chargeur

D'Lëtzebuerger Douane ass zanter 2005 mat zwéi verschiddene Modeller vu GLOCK-Pistoulen équipéiert, der Glock 19 an der Glock 26. Och d'Lëtzebuerger Arméi benotzt zanter 2009 d'Glock 17.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: GLOCK – Biller, Videoen oder Audiodateien