Günter Schabowski

däitsche Politiker

De Günter Schabowski, gebuer de 4. Januar 1929 zu Anklam a gestuerwen den 1. November 2015 zu Berlin, war en däitsche Politiker vun der SED. An der Däitscher Demokratescher Republik (DDR) war hien SED-Parteifonctionnaire a Member vum Politbüro vum Zentralcomité vun der SED. Hie war geléierte Journalist.

Günter Schabowski
Gebuer 4. Januar 1929
Anklam
Gestuerwen 1. November 2015
Berlin
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Däitsch Demokratesch Republik, Däitschland
Educatioun Universitéit vu Leipzig
Aktivitéit Journalist, Politiker
Partei Sozialistische Einheitspartei Deutschlands
Member vun Zentralkomitee der Sozialistischen Einheitspartei Deutschland
D'Pressekonferenz mam Schabowski vum 9. November 1989

Weltwäit bekannt gouf e wéi en den 9. November 1989 owes op enger Pressekonferenz eng nei Circulaire iwwer nei Reegelen, wéi d'Bierger aus der DDR an de Weste reesen dierften, virgelies huet. Op d'Fro vun engem Reporter, wéini déi a Kraaft triede géif, sot de Schabowski, deen d'Circulaire virdrun an de Grapp gedréckt krut, an net vill Zäit hat, se duerchzeliesen: "Das tritt nach meiner Erkenntnis ... ist das sofort. Unverzüglich." Dës Ausso, déi op der Televisioun live iwwerdroe gi war, huet e Massestuerm vun Zéngdausende vun DDR-Bierger op d'Grenziwwergäng no West-Berlin ausgeléist, wat dozou gefouert huet, datt d'Douanieren, déi vun der Situatioun iwwerfuerdert waren, a vun uewe keng Consigne kruten, wat se maache sollten, kapituléiert hunn an d'Grenz onkontrolléiert opgemaach hunn.

Wierk änneren

  • Wir haben fast alles falsch gemacht – Die letzten Tage der DDR. Günter Schabowski im Gespräch mit Frank Sieren. Econ, Berlin 2009, ISBN 978-3-430-30021-6.
  • Der Absturz. Rowohlt, Berlin 1991, ISBN 3-87134-010-3.
  • Frank Sieren, Ludwig Koehne (Hrsg.): Das Politbüro. Ende eines Mythos. Eine Befragung. Rowohlt, Reinbek 1991, ISBN 3-499-12888-8.
  • Der geröntgte Marx. In: Aufklärung und Kritik. Sonderheft 10/2005: Was bleibt vom Marxismus? S. 71–76. (Online)
  • Der Zerfall einer Leihmacht. ß Verlag, Rostock, 2009, ISBN 978-3-940835-11-6.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Günter Schabowski – Biller, Videoen oder Audiodateien