Gëff eens ass e lëtzebuergesche Kuerzfilm vum Eric Lamhène. E koum den 1. Abrëll 2013 an de Kino.

Gëff eens
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 2013
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Eric Lamhène
Dréibuch Yannick Kocks
Fotografie Rae Lyn Lee
Musek Fränz Hausemer
Schnëtt Amine Jaber
Produzent Stéphane Caboche, Anne Schroeder
Produktiouns-
gesellschaft
CNA
SNJ
Schauspiller
Jules Waringo: Noah
Loïc Pavant: Baba
Frédéric Frenay: Papp
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Den Noah an de Baba si Kolleegen. Enges Daags leeft de Baba viru sengem gewalttätege Papp fort a verstoppt sech beim Noah. Wéi de Papp op eemol opdaucht, maache si sech zesummen aus dem Stëbs...

Soss änneren

D'Geschicht vum Film baséiert op Tatsaachen an um Dréibuch Gëff eens domadden, ech gin et och (sic). Dat hat de Concours "Crème Fraîche" gewonnen, dee vum SNJ a vum CNA am Kader vum Discovery Zone Luxembourg City Film Festival am Joer 2012 organiséiert gouf[1].

Am Kuerzfilm ass en Extrait aus dem Lidd De Kueb vun De Läb ze héieren.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. gouvernement.lu: Palmarès vom zweifachen Filmwettbewerb "Crème Fraîche" im Rahmen vom Discovery Zone Luxembourg City Filmfestival (6. Mäerz 2012)