Frédéric Chopin
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Frédéric François Chopin, gebuer den 22. Februar oder den 1. Mäerz 1810 zu Żelazowa Wola bei Warschau als Fryderyk Franciszek Szopen, a gestuerwen de 17. Oktober 1849 zu Paräis, war e polnesche Pianist, Komponist a Pedagog. Hien ass ee vun deenen aflossräichsten a beléiftste Pianoskomponiste vum 19. Joerhonnert a gëllt als bedeitendst Perséinlechkeet an der Musekgeschicht vu Polen.
Frédéric Chopin | |
---|---|
Gebuertsnumm | Fryderyk Franciszek Chopin |
Gebuer | 1. Mäerz 1810 |
Gestuerwen |
17. Oktober 1849 Paräis |
Doudesursaach | Tuberkulos |
Nationalitéit | Frankräich, Russescht Keeserräich, Zweet Republik |
Aktivitéit | Komponist, Pianist, Musekspedagog, Museker, Pedagog |
Famill | |
Liewenspartner(in) | George Sand |
Geschwëster | Emilia Chopin |
Liewen
ännerenDe Fryderyk Franciszek Chopin ass de Jong vum Nicolas Chopin (1771-1844) an deem senger Fra Justyna Krzyżanowska.
Scho mat 8 Joer huet de Chopin seng éischt Concerten an de Salone vun der Aristokratie vu Warschau ginn.
Seng éischt Kompositioune si vun 1817.
No der Ausbildung bei senger Mamm an duerno beim Joseph Elsner huet de Frédéric Chopin literaturhistoresch Virliesunge besicht. Hien hat scho ganz fréi Kontakt mat bekannte Politiker, Literaten a Museker.
No engem leschte Concert huet de Frédéric Chopin 1830 Pole verlooss an ass no enger Rei vun Tëschestatiounen 1831 zu Paräis ukomm.
De Chopin ass de 17. Oktober 1849 am Alter vun 39 Joer a senger Wunneng bei der Place Vendôme Nr. 12 un Tuberkulos gestuerwen. Hie gouf um Kierfecht Père Lachaise begruewen, mais säin Häerz gouf op säi Wonsch op Warschau bruecht.
Um Spaweck
ännerenCommons: Frédéric Chopin – Biller, Videoen oder Audiodateien |