Frans Andriessen

hollännesche Politiker

De Franciscus Henricus Johannes Joseph ("Frans") Andriessen, gebuer den 2. Abrëll 1929 zu Utrecht a gestuerwen den 22. Mäerz 2019, war en hollännesche Politiker.

Frans Andriessen
Gebuer 2. Abrëll 1929
Utrecht
Gestuerwen 22. Mäerz 2019
De Bilt
Nationalitéit Holland
Educatioun Universitéit vun Utrecht
Aktivitéit Jurist, Universitéitsprofesser, Politiker, Affekot

Hie gouf 1967 fir d'éischt, op der Lëscht vun der Katholieke Volkspartij (KVP - Social Democrat), an d'hollännesch Chamber gewielt. Vun 1971 bis 1977 war hie President vun der KVP, déi sech dunn, mat zwou aneren, zu Christen-Democratisch Appèl (CDA) zesummegeschloss huet.

Vun 1977 bis 1980 war hie Finanzminister.

Dono war hien 13 Joer laang Member vun der Europäescher Kommissioun ("Kommissär"), zoustänneg vun 1981 bis 1985 fir Konkurrenz, vun 1985 bis 1989 fir Landwirtschaft a vun 1989 bis 1993 fir Aussebezéiungen an Handel.

Um Spaweck änneren

Commons: Frans Andriessen – Biller, Videoen oder Audiodateien