Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Frank Lamparski, gebuer de 24. Oktober 1965 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergeschen Ingenieur a Manager.

Frank Lamparski
Gebuer 24. Oktober 1965
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur

Hien huet e Fachhéichschoulofschloss als Ingenieur gemaach huet, an duerno e Studium op der technescher Universitéit zu Wien, dat en als Diplomingenieur ofgeschloss huet.

Hie war vun 2000 bis 2010 Generaldirekter vun der Stintec S.A., déi hire Sëtz zu Mamer huet, wou hien och kommunalpolitesch engagéiert war[2].

De Lamparski, dee selwer Pilot ass, huet am Juni 2006 vu sech schwätze gedoen, am Kader vun engem Projet an deem et drëms gaangen ass, de fréieren U.S. Fluchhafen zu Bitburg an den 10 duerno Joer zu engem kommerzielle Fluchhafen auszebauen, mat Cargodestinatiounen an Asien a mat Passagéierflich an osteuropäesch Länner[3]. Dee Projet ass am Abrëll 2012 awer definitiv d'Baach agaangen, nodeem dat néidegt Kapital net opgedriwwe konnt ginn[4].

Hien huet vun 2010 bis 2014 bei der Bitburg Airport Group an duerno an der Schwäiz am Ëmweltberäich geschafft. Zanter 2015 ass hien Directeur de projets internationaux am Beräich vun der Drénkwaasseropbereedung[5].

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Mémorial C — N° 2245 vum 21. Oktober 2010, S.107740
  2. Wer ist eigentlich dieser Frank Lamparski
  3. Sonndeszeitung vum 12.06.2006
  4. Bitburger Flugplatz-Projekt gescheitert.wort.lu 11. Abrëll 2012
  5. CV vum Frank Lamparski op sengem Profil bei linkedin.com, gekuckt den 1. Januar 2020