De Franck Goddio gebuer 1947 zu Casablanca (Marokko) ass e franséischen Ënnerwaasserarcheolog, deen duerch spektakulär Entdeckunge bekannt gouf.

Franck Goddio
Gebuer 1947
Casablanca
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École nationale de la statistique et de l'administration économique
Aktivitéit Anthropolog, Archeolog, Saachbuchauteur

Hie gëtt vu Sponsoren aus der Wirtschaft an duerch mediewierksam Vermaartung finanzéiert. Zanter 1985 schafft hien am Optrag vun de jeeweilege Staate ronn ëm den Äerdball. De Goddio huet e grousst interdisziplinäert Expertenteam ëm sech versammelt a schafft enk mat staatleche Verwaltunge souwéi mat international renomméierte Fuerschungsinstituter zesummen. Hie lieft zu Paräis an zu Madrid.

Hien ass de Bouf vun der Françoise de Matharel, dem Éric de Bisschop senger Duechter.

Um Spaweck änneren