François Gonnessiat

franséischen Astronom


De François Gonnessiat, gebuer den 22. Mee 1856 zu Mornay a gestuerwen den 18. Oktober 1934 zu Alger war e franséischen Astronom.

François Gonnessiat
Gebuer 22. Mee 1856
Mornay
Gestuerwen 18. Oktober 1934
Alger
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Astronom

De Gonnessiat hat ufanks am Observatoire zu Lyon geschafft. 1901 gouf hien Direkter vum Quito-Observatoire am südamerikaneschen Ecuador, wou hie geodetesch Ënnersich gemaach huet. E puer Joer méi spéit huet hien d'Leedung vum Observatoire vu Bouzareah iwwerholl, wou hie vun 1908 bis 1931 Direkter war.

De Gonnessiat huet un éischter Plaz Koméiten erfuerscht a s'och observéiert. Wärend der Zäit zu Alger huet hien zwéin Asteroiden entdeckt. Zu sengen Éiere krut den Asteroid (1177) Gonnessia säin Numm.

Entdeckt Asteroiden änneren

(915) Cosette 14. Dezember 1918
(931) Whittemora 19. Mäerz 1920

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie