De François Bozizé Yangouvonda, gebuer de 14. Oktober 1946 zu Mouila (Gabun) war vum Mäerz 2003 bis de Putsch vum Michel Djotodia, de 24. Mäerz 2013, President vun der Zentralafrikanescher Republik.

François Bozizé
Gebuer 14. Oktober 1946
Nationalitéit Zentralafrikanesch Republik
Aktivitéit Politiker
Partei keng

Hien ass als Leader vum Staatsstreech géint den deemolege President Ange-Félix Patassé un d'Muecht komm. No enger Iwwerganksperiod koum et 2005 zu Presidentschaftswalen, déi hien am 2. Tour gewonnen huet. Bei de Walen 2011 gouf hien op en Neits a sengem Amt confirméiert. Den 23. Mäerz 2013 gouf hie selwer ewechgeputscht.