François-Étienne Musin

De François Musin (François-Étienne), gebuer de 4. Oktober 1820 zu Oostende, a gestuerwen de 24. Oktober 1888 zu Saint-Josse-Ten-Noode, war e belsche Moler.

François-Étienne Musin
Gebuer 4. Oktober 1820
Oostende
Gestuerwen 24. Oktober 1888
Saint-Josse-ten-Noode - Sint-Joost-ten-Node
Nationalitéit Belsch
Educatioun Académie royale des beaux-arts
Aktivitéit Moler
François Musin:Fëscherbooter am Stuerm

Hien huet zu der belscher klassescher Schoul gehéiert, an ass bekannt duerch seng Marinebiller. Si stelle Schëffer duer, déi meeschtens am Stuerm mat héije Wellen ze kämpfen hunn. De François Musin war e Schüler vum François Bossuet. Hien huet u villen Expositiounen, zu Wien, Amsterdam, London, Liverpool an Dublin deelgeholl, och an Amerika. Hie war zu senge Liefzäite scho bekannt an huet héich Auszeechnunge kritt.

Vun him sinn d'Dekoren an de Casinoe vu Blankenberge an Oostende.

Säi Fils Auguste, 1852-1923, war och Moler an huet, wéi säi Papp, vill Marinebiller hannerlooss, ass awer net sou bekannt gi wéi säi Papp.

Kollektiounen änneren

  • Biller vun him gëtt et ënner anerem a Kollektiounen zu Oostende, Bréissel, Antwerpen, Nice, Montreal a London.

Literatur änneren

  • Verhaeghe, Julien: De Oostendse kunstschilders François Musin (1820-1888) en Auguste Musin (1852-1923), Oostende, Oostendse Historische Publicaties, 1999.

Um Spaweck änneren

Commons: François Musin – Biller, Videoen oder Audiodateien