Foussgängerbréck op der Buerschter Millen

hëlze Bréck iwwer d'Sauer

D'Foussgängerbréck op der Buerschter Millen ass eng hëlze Bréck iwwer d'Sauer nieft der Fuurt op der Buerschter Millen.

Vue vum rietsen Uwänner op d'Bréck

Well de Sauerdall do dacks mat Héichwaasser geplot ass, a keng ze grouss Bréck op Pilieren den Dall sollt ënnerbriechen, gouf dës beweeglech Bréck opgeriicht. Am Fall vun héijem Waasser kënnen déi zwee säitlech Felder an d'Luucht gezu ginn, fir sou net dem Drock vum Waasser ausgesat ze sinn.

D'Bréck vum rietsen Uwänner gesinn