Foussball-Europameeschterschaft 2012/Russland

An dësem Artikel geet et ëm déi Russesch Foussballnationalekipp bei der Europameeschterschaft 2012 a Polen an an der Ukrain. Déi russesch Ekipp participéiert fir d'véiert bei enger EM-Ennronn. De Virgänger, déi sowjetesch Ekipp, huet sechsmol participéiert a béid Ekippe sinn zesummegerechent domat no Däitschland déi déi am dacksten deelgeholl hunn. 1960 konnt d'UdSSR beim éischten, nach "Europapokal vun den Natiounen" genannten Turnéier, den Titel gewannen.

Qualifikatioun änneren

Russland huet sech fir d'Europameesterschaft an der Qualifikatiounsgrupp B qualifizéiert.

Matcher änneren

Datum Stad Ekippen Resultat geschosse Goler
03.09.2010 Andorra la Vella
Estadi Comunal d'Andorra la Vella
  Andorra   Russland 0:2 (0:1) 0:1, 0:2 Pogrebnjak (14., 64./E.)
07.09.2010 Moskau
Lokomotiv-Stadion
  Russland   Slowakei 0:1 (0:1) 0:1 Stoch (27.)
08.10.2010 Dublin
Aviva Stadium
  Irland   Russland 2:3 (0:2) 0:1 Kerjakow (11.), 0:2 Dsagojew (29.), 0:3 Schirokow (50.), 1:3 Keane (72.), 2:3 Long (78.)
12.10.2010 Skopje
Philip-II-Arena
  Rep. Mazedonien   Russland 0:1 (0:1) 0:1 Kerjakow (8.)
26.03.2011 Jerewan
Hanrapetakan-Stadion
  Russland   Armenien 0:0
04.06.2011 Sankt Péitersbuerg
Petrowski
  Russland   Armenien 3:1 (1:1) 0:1 Pizzelli (25.), 1:1, 2:1, 3:1 Pawljutschenko (26., 59., 73./E)
02.09.2011 Moskau
Olympiastadion Lujniki
  Russland   Rep. Mazedonien 1:0 (1:0) 1:0 Semschow (41.)
06.09.2011 Moskau
Olympiastadion Lujniki
  Russland   Irland 0:0
07.10.2011 Zilina
Štadión pod Dubňom
  Slowakei   Russland 0:1 (0:0) 0:1 Dsagojew (71.)
11.10.2011 Moskau
Olympiastadion Lujniki
  Russland   Andorra 6:0 (4:0) 1:0, 4:0 Dsagojew (5., 44.), 2:0 Ignaschewitsch (26.), 3:0 Pawljutschenko (30.), 5:0 Gluschakow (59.), 6:0 Biljaletdinow (78.)

Tabell änneren

Plaz Ekipp M V O N Goler Diff. Punkten
1.   Russland 10 07 02 01 17:04 +13 23
2.   Irland 10 06 03 01 15:07 +08 21
3.   Armenien 10 05 02 03 22:10 +12 17
4.   Slowakei 10 04 03 03 07:10 03 15
5.   Rep. Mazedonien 10 02 02 06 08:14 06 08
6.   Andorra 10 00 00 10 01:25 −24 00

Mat véier Goler hat de Roman Pawljutschenko déi meescht Goler geschoss.

Virbereedung änneren

Déi russesch Ekipp huet kuerz virun der EM nach dräi Testmatcher gehat: De 25. Mee huet se zu Moskau fir d'éischt géint Uruguay gespillt (1:1, Gol: Alexander Kerjakow), den 29. Mee zu Nyon géint Litauen (0:0) an den 1. Juni zu Zürich géint Italien (3:0, Goler: Alexander Kerjakow an 2x Roman Schirokow), dem eenzegen Testmatch bei deem zwéin EM-Participante géinteneen ugetruede sinn.

Matcher vu Russland änneren

EM-Virronn änneren

Bei der Auslousung goufen d'Russen, d'Griichen an d'Tschechen deem als Gruppekapp vun der Grupp A gesatenem Organisator vun der EM Polen zougeloust. Géint Tschechien gouf et bis ewell just ee Match: An der EM-Virronn 1996 hu béid Ekippe sech 3:3 getrennt, woubäi den Tschechen duerch dat 3:3 an der 90. Minutt d'Entrée an d'Véirelsfinall gelongen ass. Géint Polen huet Russland fir d'lescht den 22. August 2007 gespillt. Zu Moskau hu se sech mat 2:2 getrennt. Och d'Gesamtbilanz géint Polen ass mat jee enger Victoire, engem Remis an enger Néierlag ausgeglach. Géint Griicheland ass d'Bilanz mat 3 Victoiren, 5 Remis an 1 Néierlag positiv. Allebéid si se fir d'lescht den 11. November 2011 zu Piräus openaner getraff a si hu sech 1:1 getrennt. Bei der leschter EM huet Russland an der Virronn mat 1:0 géint Griicheland gewonnen a véier Joer virdru war Russland déi eenzeg Ekipp déi géint de spéideren Europameeschter gewanne konnt, dat 2:1 war awer fir d'Erreeche vun der Véirelsfinall net méi vu Bedeitung. D'Russe waren zu deem Zäitpunkt schonn ausgescheet.

Virronnegrupp A:

All d'Matcher waren a Polen. Duerch den direkte Verglach am Match géint Griicheland koum Russland trotz besserer Goldifferenz nëmmen op déi drëtt Plaz an der Grupp A an ass domat no engem staarken Optakt iwweraschend dach awer ausgescheet.

Rank Land V O N Goler Punkten
1   Tschechien 2 0 1 4:5 6
2   Griicheland 1 1 1 3:3 4
3   Russland 1 1 1 5:3 4
4   Polen 0 2 1 2:3 2
Fr., 8. Juni 2012, 20:45 Auer zu Wrocław
  Russland   Tschechien 4:1 (2:0)
Dë., 12. Juni 2012, 20:45 Auer zu Warschau
  Polen   Russland 1:1 (0:1)
Sa., 16. Juni 2012, 20:45 Auer zu Warschau
  Griicheland   Russland 1:0 (1:0)

Kader änneren

Den 11. Mee 2012 huet den Nationaltrainer Dick Advocaat, deen no der EM zerécktrëtt[1], de virleefege Kader fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012 bekannt ginn.[2] Den 20. Mee gouf deen zum Schluss blesséierte Wassili Beresuzki aus dem Kader gestrach.[3] De 24. Mee huet zudeem de Roman Schischkin wéinst enger Gastritis aus dem Kader gestrach misse ginn.[4] Am russesche Kader[5] sti wéi am hollännesche mat jee 13 Spiller déi meescht Spiller mat EM-Ennronnen-Erfarung.

Trikot-
Nr.
Spiller Veräin Lännermatcher[K 1] Goler[K 1] Gebuertsdatum EM-Matcher[K 2] M. Goler Rout G/R Giel
Golkipp
01 Igor Akinfejew   ZSKA Moskau 52 0 08.04.1986 5 (2008)
16 Wjatscheslaw Malafejew   Senit St. Péitersbuerg 24 0 04.03.1979 2 (2004) 3
13 Anton Schunin   Dinamo Moskau 1 0 27.01.1987
Ofwier
02 Alexander Anjukow   Senit St. Péitersbuerg 64 1 28.09.1982 1 (2004), 5 (2008) 3
12 Alexei Beresuzki   ZSKA Moskau 47 0 20.06.1982 3
04 Sergei Ignaschewitsch   ZSKA Moskau 75 5 14.07.1979 4 (2008) 3
19 Wladimir Granat   Dinamo Moskau 0 0 22.05.1987
15 Dimitri Kombarow   Spartak Moskau 4 0 22.01.1987
21 Kirill Nababkin   ZSKA Moskau 1 0 08.09.1986
03 Roman Scharonow   Rubin Kasan 8 0 08.09.1976 2 (2004)
05 Juri Jirkow   Anschi Machatschkala 52 0 20.08.1983 5 (2008) 3 1
Mëttelfeld
07 Igor Denissow   Senit St. Péitersbuerg 26 0 17.05.1984 3 1
17 Alan Dsagojew   ZSKA Moskau 20 4 17.06.1990 3 3 2
22 Denis Gluschakow   Lokomotiv Moskau 9 1 27.01.1987 1
09 Marat Ismailow   Sporting Lissabon 33 2 21.09.1982 2 (2004) 2
06 Roman Schirokow   Senit St. Péitersbuerg 22 6 06.07.1981 1 (2008) 3 1
23 Igor Semschow   Dinamo Moskau 57 3 06.04.1978 1 (2004), 5 (2008)
08 Konstantin Syrjanow   Senit St. Péitersbuerg 50 7 05.10.1977 5 (2008) 2
Ugrëff
10 Andrei Arschawin (Kapitän)   Senit St. Péitersbuerg 71 17 29.05.1981 3 (2008) 3
11 Alexander Kerjakow   Senit St. Péitersbuerg 61 19 27.11.1982 1 (2004) 3
18 Alexander Kokorin   FK Dinamo Moskau 5 0 19.03.1991 1
14 Roman Pawljutschenko   Lokomotiv Moskau 47 20 12.12.1981 5 (2008) 3 1
20 Pawel Pogrebnjak   Fulham F.C. 32 8 08.11.1983 1 1
Trainer
Dick Advocaat   Holland 27.09.1947 5 (2004)[K 3] 3
  1. 1,0 1,1 Stand: Virun Ufank vun der EM-Ennronn
  2. Stand: Virun Ufank vun der EM-Ennronn
  3. Als Trainer vun Holland

Referenzen änneren

  1. uefa.com: Advocaat trëtt no der EURO zeréck
  2. FIFA.com: "Sbornaja" mat Ex-Stuttgarter Pogrebnjak Archivéiert op 2012-07-22. Gekuckt de(n) 2012-06-06.
  3. Russland fiert ouni Berezutsky op d'EM Archivéiert op 2012-06-15. Gekuckt de(n) 2012-06-06.
  4. FIFA.com: Russland ouni Verdeedeger Shishkin op d'EM Archivéiert op 2012-06-01. Gekuckt de(n) 2012-06-06.
  5. РФС: Stand 1. Juni 2012