Eng Forschett ass eng kleng Gafel mat meeschtens dräi oder véier Zénken, déi an der moderner westlecher Zivilisatioun als Iessgeschier benotzt gëtt. Se gëtt an der Hand gehalen an hëlleft, net-flëssegt preparéiert Iessen opzehiewen an an de Mond ze féieren. Se kann och beim Kachen oder beim Preparéiere vum Iessen agesat ginn, fir Liewensmëttel festzehalen oder ze zerdrécken. Meeschtens si se da méi grouss wéi d'Forschett déi zum nomalen Ieesgeschier gehéiert.

Eng Forschett

Forschette si meescht aus Metall, fréier dacks versëlwert an hautdesdaags meescht aus Inox wéi z. B. Cromargan, kënnen awer och jee no Gebrauch aus Plastik oder Holz sinn.

Um Spaweck änneren

Commons: Forschett – Biller, Videoen oder Audiodateien