Fondation Carlo Hemmer

(Virugeleet vu(n) Fondatioun Carlo Hemmer)

D'Fondatioun Carlo Hemmer ass eng lëtzebuergesch Fondatioun ouni Gewënnzweck.

Am Joer 1986 gouf d'Fondatioun ënner dem Numm Fondatioun Lëtzebuerger Jugendherbergen gegrënnt.[1] Nom Doud vun hirem Grënner Carlo Hemmer huet si deem säin Numm iwwerholl.

Am Joer 2008 gouf d'Fondatioun schwéier vun der ekonomescher Kris getraff, soudatt hir Subventiounspolitik huet musse gebremst ginn. Dat huet dozou gefouert, datt d'Membere vum Conseil d'administration demissionéiert hunn. Eng nei Ekipp gouf vum Conseil vun der CAJL no hirer Generalversammlung am Joer 2009 gewielt.

Ziler änneren

  • Entwécklung vum sozialen, sportlechen an edukativen Tourismus bei de Jugendlechen;
  • Opbau, Entretien a Gestioun vum Reseau vun de Jugendherbergen zu Lëtzebuerg;
  • Organisatioun vu Vakanze fir Jonker zu Lëtzebuerg an am Ausland, wou si aner Jonker kenne léieren;
  • Organisatioun vu Schoulkolonien a Jugendherbergen;
  • Encouragement vun ausserschouleschen Aktivitéiten am Zesummenhank mat de Jugendherbergen.

Verwaltungsrot änneren

D'Membere vum Verwalltungsrot sinn (Mäerz 2012):[2]

  • Paul Emering, President
  • Marie-Josée Ries, Sekretär
  • Michel Kneip, Tresorier
  • Isabelle Goubin, Member
  • Gérard Boby, Member

Referenzen änneren

  1. Cf. d'Grënnungsstatuten am Mémorial Nr. 82: 3917 aus dem Joer 1987.
  2. Fondation Carlo Hemmer. In: Rapport annuel '11. Centrale des auberges de jeunesse luxembourgeoises. Luxembourg 2012.