Filmproduktiounsgesellschaft

Filmgesellschaft déi Filmer a Serië produzéiert

Eng Filmproduktiounsgesellschaft oder Filmproduktiounsfirma, och nach einfach Filmgesellschaft genannt, ass eng Entreprise, déi an der Filmindustrie täteg ass. Si produzéiert Filmer an Serien.

Zu hiren Aufgabe gehéieren all d'Etappe vun der Filmproduktioun, vun der Entwécklung vun der Iddi vum Wierk iwwer d'Finanzéierung, d'Virbereede vun der Produktioun (zum Beispill Logistik, Casting vun de Schauspiller a Rekrutement vun den Techniker), d'Dréiaarbechte bis hin zur Postproduktioun.

Grouss Filmproduktiounsgesellschafte maachen d'Distributioun (z. B. de Verkaf vum Film un d'Kinoen) selwer, déi méi kleng loossen dat iwwer spezialiséiert Entreprisen maachen.

Ënnert deene weltwäit gréisste Filmproduktiounsgesellschafte sinn déi US-amerikanesch "Big Five": Universal Pictures, Warner Bros., Paramount Pictures, Walt Disney Pictures a Columbia Pictures. Si produzéieren an distribuéieren all Joer honnerte Filmer.

Zu de lëtzebuergesche Filmproduktiounsgesellschaft zielen ënner anerem Samsa Film, Iris Productions, Red Lion, Tarantula, Wady Films, Paul Thiltges Distributions, Amour Fou, Deal Productions, Les Films Fauves a Calach Films. Entreprisë wéi Melusine Productions a Fabrique d'images si lëtzebuergesch Filmproduktiounsfirmen, déi op Animatiounsfilmer spezialiséiert sinn.

Kuckt och änneren