Figuren aus der Warcraft-Serie

Wikimedia-Lëschtenartikel

Warcraft ass den Titel vun enger Serie vu Spiller vu Blizzard Entertainment déi sech an der virtueller Welt Azeroth ofspillt, enger fantastescher Welt déi Hexerei, Aventure a Mutt verbënnt.

Kel'Thuzad änneren

De Kel'Thuzad als Lich

De Kel'Thuzad war ee vun den Haaptagente vum Lich King a responsabel fir d'Verbreede vun der Plo zu Lordaeron. Nodeem hie vum Arthas am Verlaf vum Drëtte Krich geschloe gouf, gouf hien als Lich nees neigebuer. Doropshin huet hien dem Arthas gehollef, den Archimonde, e geféierlechen Agent vun der Burning Legion an d'Welt vun Azeroth ze bréngen. Nodeem den Arthas sech op Northrend zeréckgezunn hat, huet hien dem Kel'Thuzad d'Leedung zu Stratholme iwwerlooss, an hie schwieft elo iwwer der Stad a senger Nekropol Naxxramas.

Éier de Kel'Thuzad vum Lich King beaflosst gi war, war hien ee vun de gréissten Erzmagier vun Dalaran. Mä hie war, obscho Senior Member vun de Kirin Tor dacks kritiséiert ginn, well hie sech gär mat der verbuedener Magie vun den Nekromante beschäftegt huet. Eng mysteriéis Stëmm déi vun Northrend koum, huet him besser gefall, wéi seng "almoudesch" Kolleegen zu Dalaran, a sou huet hie sech op de Wee an den héijen Norde gemaach, fir dëst méi genee z'ënnersichen. Nodeem hien dem Ner'zhul seng immens Kraaft gesinn hat, huet hie sech iwwerluecht, datt et net nëmme gescheit, mä och immens fruchtbar kéint sinn, dësen als Alliéierten ze hunn. De Lich King huet hien zeréck an d'Welt vun de Mënsche geschéckt, fir eng nei Relioun ze priedegen, déi de Lich King selwer als Gott hätt. Dofir huet de Kel'Thuzad de Cult of the Damned gegrënnt, a vill Leit hu sech him, géint d'Versprieche vun der Onstierflechkeet, ugeschloss. Zu Brill sinn him den Arthas an d'Jaina Proudmoore op d'Spuer komm, an den Arthas huet hie schlussendlech erschloen. Mat der Hëllef vum Tichondrius gouf de Kel'Thuzad nees nei gebuer, dës Kéier als Lich.

Uther Lightbringer änneren

Den Uther Lightbringer war den éischte Paladin a Grënner vun den Knights of the Silver Hand.

Ugefaangen huet hien als Geeschtlechen zu Northshire a war e Schüler vum Äerzbëschof Alonsus Faol. Am Éischte Krich ass dem Uther kloer ginn, datt de Glawen eleng den Uerden net schütze kéint, an huet doropshin d'Knights of the Silver Hand, d'Paladine, gegrënnt. Wärend dem Zweete Krich huet hien eng Verschwörung vun Alterac géint d'Allianz opgedeckt an huet d'final Schluecht géint d'Burning Blade beim Dark Portal gefouert. Nom Krich huet hien dem Kinnek Terenas säi Bouf, den Arthas als Schüler opgeholl.

Graf vum Uther Lightbringer

Am Drëtte Krich huet hien zesumme mam Arthas d'Orks vum Blackrock Clan aus Stahnbrad verdriwwen. Duerno huet den Uther sech zeréckgezunn bis enges Daags d'Jaina Proudmoore vun Hearthglen bei hie komm ass, well d'Stad vun der Scourge attackéiert ginn ass. Den Arthas konnt d'Stad knapps halen an, entgeeschtert ass den Arthas weider op Stratholme gereest, wou hie sech dem Mal'Ganis stelle wollt. Den Uther ass him nogaangen a si hu misse feststellen, datt Stratholme schonn infizéiert war. Den Arthas wollt datt den Uther d'Stad géif "botzen", wat den Uther refuséiert huet, a sou gouf hie vum Arthas beschëllegt, hie verroden ze hunn. Den Uther huet sech un den Terenas gewand, an déi zwee hu beschloss, datt den Arthas wuel influencéiert gi war, warscheinlech duerch dat wat en zu Hearthglen gesinn hat. Den Arthas, deen an der Tëschenzäit zu Northrend war, ass zeréck op Lordaeron komm, mä hie war verännert, an huet säi Papp mam Schwäert Frostmourne ëmbruecht.

D'Äsche vum Terenas goufen an eng magesch Urn geluecht an den Uther huet des Urn perséinlech zu Andorhal bewaacht. Den Arthas, deen d'Urn selwer wollt, huet Andorhal ugegraff, an an enger eepescher Schluecht ass den Uther duerch d'Hand vu sengem fréiere Schüler gefall.

Jaina Proudmoore

D'Jaina Proudmoore ass d'Duechter vum Lord Admiral Proudmoore, dem Leader vum Händlervollek vu Kul Tiras. Si war eng vun den talentéiertste Magierinne vun de Kirin Tor. Zesumme mam Arthas gouf si vum Antonidas op Brill geschéckt, fir d'Plo z'ënnersichen. Hei hu si Käre fonnt, déi schonn infizéiert waren, mam Sigel vun Andorhal. No enger Schluecht géint de Kel'Thuzad hu sech den Arthas an d'Jaina zeréck op de Wee op Lordaeron gemaach, a wollten zu Hearthglen eng Paus aleeën. Hei hu si allerdéngs misse feststellen, datt d'infizéiert Käre schonn ukomm waren, an d'Bevëlkerung sech ëmmer méi an Ondoudeg verwandelt huet. D'Jaina huet sech direkt op de Wee gemaach, fir den Uther Lightbringer mat sengem Order of the Silver Hand sichen ze goen, mä wéi si nees zesummen op Hearthglen koumen, war kloer datt den Arthas, dee sur place bliwwe war, an enger verluerener Schluecht géif kämpfen. D'Jaina an den Uther sinn dem Arthas op Stratholme gefollegt, mä konnte säi Schluechte vun der ganzer Stadbevëlkerung net verhënneren. Zum Arthas senger Iwwerraschung war d'Jaina degoutéiert, an huet hie mam Uther verlooss.

Nom Massaker vu Stratholme ass d'Jaina dem Prophet Medivh begéint, an huet misse feststellen datt hie Recht hat. Elo huet hatt op hie gelauschtert, an ass no Westen, Richtung Kalimdor geseegelt. Do huet hatt sech, net ganz fräiwëlleg, mam Thrall a mam Cairne alliéiert, op Rot vum Medivh. Dësen hat virausgesot, datt si nëmmen zesummen eng Chance géint d'Burning Legion hätten. Zesumme mam Malfurion Stormrage an der Tyrande Whisperwind, de Leadere vun den Elfen, hu si de Mount Hyjal géint den Archimonde verdeedegt.

Duerno huet d'Jaina sech op d'Zitadell vun Theramore zeréckgezunn.

Mënschen änneren

Aegwyn änneren

Antonidas änneren

Nielas Aran änneren

Prince Arthas änneren

Arugal änneren

Barthilas änneren

Benedictus änneren

Aedelas Blackmoore änneren

Saiden Dathrohan änneren

Tirion Fordring änneren

Genn Graymane änneren

Khadgar änneren

Rhonin änneren

Terenas II. änneren

Danath Trollbane änneren

Thoras Trollbane änneren

Turalyon änneren

Wrynn III. änneren

Varian Wrynn änneren

Anduin Wrynn änneren

Llane änneren

Lothar änneren

Medivh änneren

Daelin Proudmoore änneren

Jaina Proudmoore änneren

Elfen änneren

Nuetselfen änneren

Azshara änneren

Jarod Shadowsong änneren

Maiev Shadowsong änneren

Fandrel Staghelm änneren

Illidan Stormrage änneren

Malfurion Stormrage änneren

Tyrande Whisperwind änneren

Varo'then änneren

Xavius änneren

Héichelfen änneren

Bluttelfen änneren

Zwergen änneren

Brann Bronzebeard änneren

Magni Bronzebeard änneren

Muradin Bronzebeard änneren

Falstad Dragonreaver änneren

Thaurissan änneren

Gnomen änneren

High Tinker Mekkatorque änneren

Mekgineer Thermaplug änneren

Draenei änneren

D'Draenei haten eng Zäit laang zesumme mat den Orken a Fridden op hirer Heemechtswelt Draenor gelieft. Mä du goufen Orke vum (?) manipuleiert, a se goufe gnadenlos attackéiert. Si hu missen op hiert Schëff Exodar flüchten, an hu missen nokucke wéi hir Heemechtswelt zerstéiert gouf, nodeem d'Donkelt Portal opgemaach gouf. Si si geflücht, mä onglécklecherweis op den Azurmythosinselen gecrasht.

Orks änneren

Thrall

Trollen änneren

Forsaken änneren

Tyrande Whisperwind

Tauren änneren

Burning Legion änneren

Archimonde änneren

 
Archimonde

Den Archimonde war ee vun den treiste Sujete vum gefalenen Titan Sargeras. Virun 25.000 Joer war den Archimonde, zesumme mam Kil'Jaeden a mam Velen, ee vun den dräi Leader vun Argus, der Heemecht vun den Eredar. De Sargeras hat hinnen immens Muecht versprach, wa si him trei wieren. Den Archimonde an den Kil'Jaeden waren direkt domat averstanen, de Velen allerdéngs huet des Iddi rejetéiert, ass geflücht an huet d'Vollek vun den Draenei gegrënnt. 15.000 Joer méi spéit huet der Azshara hir Magie de Sargeron ugezunn, d'Invasioun gouf vum Archimonde a vum Mannoroth geleet. Si sinn duerch d'Portal beim Éiwege Buer an Azeroth erakomm an hu Kalimdor verwüst. Engem jonke Schüler, dem Malfurion Stormrage ass et awer mat Hëllef vun engem Verband vun Nuetselfen an dem Alexstrasza sengen Draache gelongen, den Archimonde nees a seng Welt zeréckzedreiwen.

Den Archimonde huet doropshi fir 10.000 Joer am Däischteren eng nei Invasioun geplangt, an den Ner'zhul war e perfekt Mëttel dofir. D'Kapitäne vun der orkescher Hord goufe korrompéiert a si sollten alles op hirem Wee fir d'Legioun zerstéieren. Allerdéngs goufe si vum Kinnekräich vun Arathor geschloen. Zesumme mam neie Lich King sollt d'Legioun awer dat erreechen, wou d'Hord verluer hat. Mä fir nees an Azeroth eranzekommen, huet den Archimonde Hëllef gebraucht, déi hien am Kel'Thuzad fonnt huet. Säin éischte Schlag goung op Dalaran, d'Stad gouf komplett zerstéiert. D'Tyrande Whisperwind huet déi al Druiden nees erbäigeruff, fir d'Legioun op en Neits ze bekämpfen. Den Archimonde huet mat sengem Plang weider gemaach, an de Weltebaam, Nordrassil ugegraff. Mä wéi den Archimonde de Mount Hyjal eropgeklommen ass, huet de Malfurion déi al Geeschter ëm Hëllef geruff, an et koum zu enger Explosioun, bei där den Archimonde gefall ass.

Doomlord Kazzahk änneren

Scourge änneren

Araj the Summoner änneren

 
Araj the Summoner

Den Araj the Summoner war e Lich am Service vum Ner'zhul, dem Lich King, an e regionale Kommandant vun der Arméi vun der Scourge an de Western Plaguelands. Hie war de fréiere Leader vu Scholomance éier hien d'Stad als seng eege beusprocht huet.

Am Haaptquartéier Andorhal huet den Araj zwou Haaptresponsabilitéiten: d'Plo massiv duerch Kesselen an de Lännereie verbreeden an d'Forsaken weider attackéieren. Dës Aufgaben hunn hie fir eng gutt Zäitchen nom Drëtte Krich beschäftegt. Well hien d'Forsaken als säin Haaptziel ugesinn huet, huet hien net mat enger Invasioun vun der Allianz gerechent. Hie konnt awer dem Uther Lightbringer a senge Männer entkommen. Agente vun der Argent Dawn hu konstant Pläng fir d'Stad z'infiltréieren, an de Lich ze beschwören, fir en dann ze zerstéieren.

Kel'Thuzad änneren

Kuckt uewen ënner dem Kapitel Mënschen fir d'Geschicht vum Mënsch a spéidere Lich Kel'Thuzad

Naga änneren

Draachen änneren

D'Draachen an der Welt vun Azeroth ginn a fënnef Grouss Aspekter agedeelt. Dës Aspekter goufe vun den Titanen erausgesicht, fir hir Draachen ze leeden an iwwer Ancient Kalimdor ze waachen, wat zu dëser Zäit den eenzegste Kontinent vun Azeroth war. Hir Muecht kruten d'Aspekter vun den Titanen a si ginn och an d'Faarwe rout, schwaarz, gréng, blo a bronze ënnerdeelt.

Den Nozdormu an d'Bronzedraachen änneren

 
Nozdormu

Den Nozdormu ass ee vun de fënnef Draachenaspekter an huet als Aufgab driwwer ze waachen, datt d'Zäit normal ofleeft, an datt d'Saache sou geschéien, wéi si vum Schicksal virgesi sinn. Fir dës Missioun z'erfëllen, weess den Nozdormu immens vill iwwer d'Natur vun der Zäit Bescheed. Hie benotzt seng Kraaft fir anerer dovun ofzehalen, déi selwecht Geheimnisser erauszefannen. Hie lieft meeschtens zeréckgezunn a kënnt nëmmen eraus, wa seng direkt Hëllef wierklech noutwenneg ass.

Den Nozdormu ass enk mat der Zäit selwer verbonnen, an ass immens gedëlleg. Hie gëtt wéineg veréiert, héchstens vun den Nuetselfen déi selwer nees gär zäitlos wieren. Den Nozdormu wunnt an de Caverns of Time an der Wüst vun Tanaris wou hien Artefakten aus der ganzer Geschicht vun Azeroth sammelt. Déi, déi sech trauen, an dës Höhlen eranzegoen, kommen, wann iwwerhaapt, verännert nees eraus. Verschiddener sinn al, anerer sinn nees jonk wéi e Puppelchen.

Den Aman'Thul huet en Deel vu senger kosmescher Muecht un de massive bronzenen Draach Nozdormu weiderginn. Hie krut d'Muecht d'Zäit selwer z'iwwerwaachen. De stoeschen Nozdormu gouf bekannt als The Timeless One. Hien ass och gewuer ginn, wéini hie fale wäert.

No der War of the Ancients huet den Nozdormu deenen aneren Draachenaspekter bei der Kreatioun vum World Tree gehollef an Nordrassil gouf erschaf. Den Nozdormu huet en Zauber op de Bam geschwat, datt, soulaang de grousse Bam géif stoen, d'Nuetselfen ni méi al an ni krank géifen.

D'War of the Shifting Sands war scho méintlaang am Gaang wéi de Chef vun den Nuetselfen, de Fandral Staghelm d'Hëllef vun de bronzenen Draachen ugefrot huet. Nodeem d'Qiraji d'Caverns of Time ugegraff haten, war den Anachronos averstanen, fir hinnen ze hëllefen.

Am Zweete Krich huet den Nozdormu, nodeem e vum Krasus iwwerzeegt gi war, deenen aneren Aspekter gehollef, den Deathwing ze verjoen, nodeem den Dragon Soul zerstéiert gi war.

Anachronos änneren

Alexstrasza, the Life-Binder änneren

Ysera, the Dreamer änneren

Malygos, the Spell-Weaver änneren

Neltharion, the Earth-Warder änneren

Gëtter änneren

Qiraji a Silithid änneren

Ogeren änneren

Elementarwiesen änneren

Organisatiounen änneren

Argent Dawn änneren

 
E Ritter vun der Argent Dawn

D'Argent Dawn (Argentumdämmerung) ass eng Organisatioun déi Azeroth virun der Invasioun vun der Scourge beschütze wëll. Hir grouss Base sinn an den Eastern a Western Plaguelands, mä si sinn och vereenzelt op anere Plazen ze fannen, wéi zum Beispill zu Everlook am nërdleche Winterspring. Si maache keen Ënnerscheed tëscht der Allianz an der Hord. D'Argent Dawn sicht all Dag nei Memberen, an d'Zuel vun de Kämpfer, déi d'Medaille vun der Argent Dawn droe gëtt all Dag méi grouss. Aventurieren, déi der Argent Dawn hëllefe wëllen, gi mat speziellen Zauberrezepter a Rëschtunge belount. D'Argent Dawn ass net sou fanatesch a bei wäitem och net sou grouss wéi d'Scarlet Crusade.