Blizzard Entertainment
Blizzard Entertainment ass eng US-amerikanesch Computer- a Videospiller-Entreprise, mat Sëtz zu Irvine (Kalifornien).
Blizzard Entertainment | |
---|---|
Typ | Sàrl |
Grënnungsdatum | 1991 |
Sëtz |
USA Irvine, CA Frankräich Vélizy, Yvelines |
Generaldirekter |
Michael Morhaime President Rob Pardo Vizepresident |
Mataarbechter | 1'600 (2006) |
Ëmsaz | $1,5 Milliarden USD (2006) |
Produit | Computer- a Videospiller |
Homepage | www.blizzard.com |
Blizzard Entertainment gouf 1991 ënner dem Numm Silicon & Synapse gegrënnt. D'Firma huet Spiller wéi Rock & Roll Racing an The Lost Vikings (verëffentlech vun Interplay Productions) op de Maart bruecht, a gouf 1994 vum Tëschenhändler Davidson & Associates fir manner wéi 10 Milliounen US-Dollar opkaf. Kuerz Zäit drop huet Blizzard den Duerchbroch mam Spill Warcraft gepackt. D'Fuerschungs- an Entwécklungsabteilung vu Blizzard besteet aus méi wéi 150 Entwéckler, Produzenten, Programméierer, Kënschtler a Soundtechniker.
Blizzard huet e puermol de Besëtzer gewiesselt: Davidson gouf 1996 vun CUC opkaf; duerno huet CUC mat HFS Corporation fusionéiert, fir 1997 déi nei Entreprise Cendant Software ze grënnen. No engem grousse Comptabelskandal am Joer 1998 huet Cendant seng Parten – inklusiv Blizzard – un de franséische Verlag Havas verkaaft. Nach am selwechte Joer gouf Havas vu Vivendi Universal opkaf. Blizzard war duerno en Deel vu VU Games vu Vivendi Universal, zanter 2008 ass et en Deel vun Activision Blizzard.
De Bill Roper huet Blizzard am Joer 2003 verlooss, a vill Blizzard-Mataarbechter hu mat him déi nei Firma Flagship Studios gegrënnt. Grond heifir waren Ausernanersetzunge mam Management vu Vivendi.
Mat Starcraft huet Blizzard eent vun de meeschtverkaften Echtzäitstrategiespiller vun der Welt erausbruecht. De jéngste groussen Erfolleg konnt Blizzard mat World of Warcraft, wat Ufank 2005 an Europa erauskomm ass, feieren. Weltwäit goufen iwwer 8 Milliounen Exemplare verkaaft. Blizzard gouf nieft de Spiller och duerch de käschtefräien Déngscht Battle.net bekannt. 2010 hu se Starcraft II verëffentlecht.
Spiller
ännerenJoer | Titel | Genre |
---|---|---|
1992 | The Lost Vikings | Jump 'n' run |
1993 | Rock & Roll Racing | Course |
1994 | Blackthorne | Jump 'n' run |
1994 | Warcraft: Orcs and Humans | Echtzäit-Strategie |
1995 | Warcraft II: Tides of Darkness | Echtzäit-Strategie |
1996 | The Lost Vikings II: Norse by Norse West | Jump 'n' run |
1996 | Warcraft II: Beyond the Dark Portal | Echtzäit-Strategie (Add-on) |
1997 | Diablo | Action-/Rollespill |
1998 | Starcraft | Science-Fictioun Echtzäit-Strategie |
1998 | Battle.net | erméiglecht d'Spillen iwwer Internet |
1999 | Starcraft: Broodwar | SF-Echtzäit-Strategie (Add-on) |
2000 | Diablo II | Action-/Rollespill |
2001 | Diablo II: Lord of Destruction | Action-/Rollespill (Add-on) |
2002 | Warcraft III: Reign of Chaos | Echtzäit-Strategie |
2003 | Warcraft III: The Frozen Throne | Echtzäit-Strategie (Add-on) |
2004 | World of Warcraft | MMORPG |
2007 | World of Warcraft: The Burning Crusade | MMORPG (1. Add-on fir World of Warcraft) |
2008 | World of Warcraft: Wrath of the Lich King | MMORPG (2. Add-on fir World of Warcraft) |
2010 | Starcraft II: Wings of Liberty | SF-Echtzäit-Strategie |
2010 | World of Warcraft: Cataclysm | MMORPG (3. Add-on fir World of Warcraft) |
2012 | Diablo III | Action-/Rollespill |
2012 | World of Warcraft: Mists of Pandaria | MMORPG (4. Add-on fir World of Warcraft) |
ugekënnegt fir 2013 | Starcraft II: Heart of the Swarm | SF-Echtzäit-Strategie (1. Add-on fir Starcraft II) |
an der Entwécklung | Starcraft II: Legacy of the Void | SF-Echtzäit-Strategie (2. Add-on fir Starcraft II) |
Um Spaweck
ännerenCommons: Blizzard Entertainment – Biller, Videoen oder Audiodateien |