Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Festuca pohleana ass eng Bléieplanzenaart aus der Gattung Festuca aus der Famill vun de Séissgrieser (Poaceae). Se gouf 1973 vum russesche Biolog Jewgeni Alexejew beschriwwen[1][2].

Festuca pohleana
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ënnerräich Tracheobionta
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Monokotyledonen
Uerdnung Poales
Famill Poaceae
Ënnerfamill Pooideae
Gattung Festuca
Wëssenschaftlechen Numm
Festuca pohleana
E.B. Alexeev, 1973

D'Aart ass am Norde vum europäeschen Deel vu Russland endeemesch[3]. D'Verbreedungsgebitt läit an der Republik Komi (un den Uwänner vun de Flëss Petschora an Ussa) an am Oblast Swerdlowsk (op dem Bierg Denejkin Kamen). Si wiisst op Fielsen an a kallekhaltege Biedem. Dës ass eng rar Planz, déi an der Komi-Regioun ënner Naturschutz steet[4].

Eng méijähreg Planz. D'Stiller sinn 20–30 cm laang, dënn, meeschtens glat. D'Blieder si vill méi kuerz wéi d'Stiller. D'Inflorenz ass eng Panicula, 2–8 cm laang mat Spiculaen (épillets) 0,5–0,6 cm laang. D'Festuca pohleana blitt am Juni, d'Period vun der Fruktifikatioun ass am Juli[4].

Referenzen änneren

  1. http://tropicos.org/Name/25533803
  2. http://www.theplantlist.org/tpl1.1/record/kew-416308
  3. https://wcsp.science.kew.org/namedetail.do?name_id=416308
  4. 4,0 4,1 Archive copy Gearchiveerd op 2016-12-04. Gekuckt de(n) 2018-10-13.