Khoresh-e Fesenjān (op Persesch: خورش فسنجان), oder einfach Fesenjān (Persesch: فسنجان), ass e Plat aus der iranescher an irakescher Kichen.

Et ass e Ragoût aus Granatapelsirup a gemuelenen Nëss, deen an engem Bouillon mat Ënnen, Tomatemuerch an enger Gewierzmëschung (Advieh), zesumme mat Intefleesch (et gëtt och Variante mat Poulet, Fleeschbouletten oder Fësch) laang op klengem Feier brutsche gelooss gëtt, bis en eng déckflësseg, sämeg Konsistenz huet.

Je no Rezept kann en éischter e méi séissen oder méi saierzeg-herbe Goût hunn.

Fesenjān gëtt mat iraneschem Safran-Räis zervéiert (polo oder chelo).

Um Spaweck/Rezepter änneren

Literatur änneren

  • Najmieh Batmanglij: A Taste of Persia. An Introduction to Persian Cooking. Mage Publishers, Washington DC 1999, ISBN 0-934211-54-X.
  • Najmieh Batmanglij: New Food of Life. A Book of Ancient Persian and Modern Iranian Cooking and Ceremonies. Mage Publishers, Washington DC 1992, ISBN 0-934211-34-5.