Fernand Khnopff

belsche Moler

De Fernand-Edmond-Jean-Marie Khnopff, gebuer den 12. September 1858 zu Grembergen bei Dendermonde a gestuerwen den 12. November 1921 zu Bréissel, war e belsche Moler, Graphiker, Sculpteur, Fotograf an Auteur vun Artikelen iwwer Konscht.

Fernand Khnopff
Gebuer 12. September 1858
Dendermonde
Gestuerwen 12. November 1921
Bréissel
Nationalitéit Belsch
Educatioun Université libre de Bruxelles,
Académie Julian,
Académie royale des beaux-arts
Aktivitéit Moler, Sculpteur, Fotograf, Philosoph, Schrëftsteller, Graphiker, visuelle Kënschtler

Hie gëllt nieft dem James Ensor, mat deem en d'Société des Vingt gegrënnt huet, als Haaptrepresentant vum belsche Symbolismus.

1884 huet hien eng éischte Kéier um Salon de Paris ausgestallt, wat hien zu engem beléifte Moler vun der Bourgeoisie gemaach huet. Tëscht 1884 an 1890 huet hie 34 Portraite realiséiert, wourënner Portrait Jeanne Kéfer (Getty Museum) a Portrait Marie Monnom (Musée d'Orsay). Seng Schwëster Marguerite, mat där en an engem selwer entworfenen Haus gewunnt huet, war säi léifst Modell.

De Khnopff huet och zäitweileg a Groussbritannie gewunnt an ausgestallt. Vun 1895 bis 1914 huet hie fir déi engmlesch Konschtzeitung The Studio geschafft, wou e responsabel fir d'Rubrik "Studio-Talks-Brussels" war, an an där en iwwer d'Entwécklung vun der Konscht an der Belsch an um europäesche Festland geschriwwen huet.

Am Mäerz 1898 hat hien eng Selektioun vun 21 Wierker op deen éischte Salon vun der Wiener Secession geschéckt, déi do grousse Succès haten, an déi de jonken éisträichesche Moler Gustav Klimt beaflosst hunn.[1]

De Khnopff huet weiderhi Bünendekoren entworf, sou z. B. 1903 die fir dem Georges Rodenbach säi Stéck Le Mirage am Deutschen Theater Berlin, an och Panneauë vum Museksall am Bréisseler Palais Stoclet si vun him.

Ausgewielt Wierker änneren

  • Portrait de Marguerite Khnopff, 1887, Fondation du roi Baudouin, Musées royaux des beaux-arts de Belgique, Bruxelles.
  • Secret-reflet, 1902, pastel et crayon, Musée Groeninge, Bruges.
  • Des caresses, ou l'Art, ou le Sphinx, 1896, Huile sur toile, 50,5 × 150, Musées royaux des Beaux-Arts de Bruxelles.
  • En écoutant du Schumann, 1883, Huile sur toile, 101,5 × 116,5, Musées royaux des Beaux-Arts de Belgique, Bruxelles.
  • Bruges. Un portail, c.1904, Huile sur toile, 44 × 87, Clemens-Sels-Museum, Neuss.
  • Portrait de Marie Monnom, 1887, Huile sur toile, 50 × 50, Paris, Musée d'Orsay.
  • L'Encens, 1898, Huile sur toile, 86 × 50, Paris, Musée d'Orsay.
  • Portrait de Germaine Wiener, c.1893, Huile sur panneau, 50 × 40, Musées royaux des Beaux-Arts de Belgique, Bruxelles.
  • Du Silence, 1890, Pastel sur papier, 85 × 41,5, Musées royaux des Beaux-Arts de Belgique, Bruxelles.
  • Memories, 1889, Pastel sur papier, marouflé sur toile, 127 × 200, Musées royaux des Beaux-Arts de Belgique, Bruxelles.
  • Orphée, 1913, Crayons, crayons de couleurs et pastel sur papier, 67,3 × 91,5, Communauté française, en dépôt au MAMAC, Liège

Literatur änneren

  • Fernand Khnopff. Ausstellungskatalog, zusammengestellt von Frederik Leen und anderen. Hatje Cantz Verlag, Ostfildern 2004, ISBN 978-3-7757-1435-8

Um Spaweck änneren

Commons: Fernand Khnopff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Fernand Khnopff et ses rapports avec la Secession Viennoise, Ausstellungskatalog Brüssel, 1987