De Gustav Klimt, gebuer de 14. Juli 1862 zu Baumgarten bei Wien, a gestuerwen de 6. Februar 1918 zu Wien-Neubau, war en éisträichesche Moler. Hie war ee vun de bekanntste Vertrieder vum Wiener Jugendstil, och Wiener Secession genannt.

Gustav Klimt
Gebuer 14. Juli 1862
Wien
Gestuerwen 6. Februar 1918
Wien
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Keesertum Éisträich
Aktivitéit Moler, Designer, Graphiker, Zeechner, Bauzeechner
Famill
Kanner Gustav Ucicky

De Gustav Klimt koum bei Wien an enger äermlecher Famill op d'Welt. Säi Papp war Goldgraveur. HIen huet 1879-1883 op der Kunstgewerbeschule für Kunst und Industrie zu Wien Molerei studéiert. Am Ufank hat de Klimt et net einfach, Unerkennung fir säi Wierk ze fannen, dat vun Ettlechen als "pornographesch" ugesi gouf. Als Reaktioun op déi Ofleenung vu Säite vun der traditioneller Konscht huet hien d'Wiener Secession matgegrënnt.

Spéider krut hien awer déi Unerkennung, déi him zougestanen ass a gouf Éierendozent op den Universitéite vu München a Wien.

Galerie änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Gustav Klimt – Biller, Videoen oder Audiodateien