Femmes Magazine ass eng lëtzebuergesch gratis Fraenzäitschrëft, déi 2000 vun de Schwëstere Maria Pietrangeli a Patricia Sciotti gegrënnt gouf[1] an exklusiv op eng weiblech Lieserschaft ausgeriicht ass.

D'Entête vun Femmes Magazine

D'Zäitschrëft ass gratis a kënnt eemol am Mount eraus. An hirer Ufänkszäit louch hir Oplo bei 10.000 Stéck, déi 2012 awer bis op 20.200 Exemplairë geklomme war, an déi a Salle-d'Attenten, bei Coifferen a Schéinheetssalonen an an iwwer 120 Plaze am Land, wou vill Leit passéieren, verdeelt gëtt.

Femmes Magazine ass op Franséisch, d'Artikelen handelen ënner anerem iwwer Moud, Schéinheet, Iessen, Kultur oder si Portraiten oder Reportagen.

D'Redaktioun huet hire Sëtz an der Rue Ermesinde an der Stad.[2]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. keepcontact.lu: Parution du 100ème numéro de Femmes Magazine (14. Januar 2010; gekuckt de 14. Juni 2012)
  2. Editus: Femmes Magazine (gekuckt de 6. Juni 2012)