Feierstengszalot ass eng typesch lëtzebuergesch Fleeschzalot aus Rëndfleesch.

Feierstengszalot

Wat gëtt gebraucht? änneren

Wat gëtt gemaach? änneren

  • D'Fleesch botzen (Fett a Seenen ewechhuelen) an et da wierfelen.
  • D'Schallotten an d'Kraider gi reng gehaakt.
  • Eng Vinaigrette maache mat dem Moschter, dem Esseg an dem Olivenueleg.
  • D'Vinaigrette mat de Kraider, Salz a Peffer wierzen an ofschmaachen.
  • D'Fleesch an d'Schalotten an d'Vinaigrette ginn, mëschen, an 2 Stonnen am Frigo zéie loossen.
  • Virum Zerwéieren d'Eeër a méi oder manner kleng Stécker geschnidden drënnerginn.

Originelles änneren

Et sinn der och déi reiwen d'Zaloteschossel mat enger Knuewelekszéiw an, anerer huelen nach déi eng oder aner weider Ingredienten dobäi, wéi z. B. 2 Iessläffel Kaperen, 100g Essegkornischongen an Tranchë geschnidden, oder 75ml Schmant.

Kuckt och änneren