Federatioun Eist Land - Eis Sprooch
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Ënner dem Numm Federatioun Eist Land - Eis Sprooch, kuerz FELES, gouf de 6. Oktober 1984 e Veräi mat rietsextremer an nationalistescher Ausriichtung gegrënnt[1]. De Sëtz vum Veräi war an der Stad Lëtzebuerg.
Nieft dem Slogan "Eist Land - Eis Sprooch" am Numm vun der Organisatioun war eng vun den Haaptfuerderunge vun der FELES "Kee Walrecht fir Auslänner" a "Lëtzebuerg de Lëtzebuerger"[2].
Literatur
änneren- Blau, Lucien. Nationalisme, national-populisme au Luxembourg. Interview op sokrates.lu
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Cf. d'Grënnungsstatuten am Mémorial Nr. 331: 15884 (1984). D'Grënnungsversammlung huet am Café du Commerce an der Stad Lëtzebuerg stattfonnt. Zesummesetzung vum éischte Comité: Fred Welter (President), Georges Dessouroux (Vizepresident), Emile Schmit (Sekretär), Léontine Schleimer a Patrick Birchem (Tresorieren). Weider Membere vum Comité waren: Charel Malane, Marc Peffer, Ernest Steichen, Milly Thill a Laure Wolter. Och bei der Grënnungsversammlung dobäi waren de Jhemp Bertrand, de Jos Weyrich an de Paul Klein. Cf. Blau an der Literatur.
- ↑ "Lëtzebuerg de Lëtzebuerger" ass den Ufank vum Refrain aus der nationalistescher Hymn "U Letzebuerg" vum Professer Lucien Koenig aus dem Joer 1911: "Lëtzebuerg de Lëtzebuerger, a soss kengem op der Welt". Et war virun allem e militant Lidd vun den Nationalisten an der Zäit tëscht dem Éischten an dem Zweete Weltkrich.