Faustin-Archange Touadéra

De Faustin Archange Touadéra, gebuer den 21. Abrëll 1957 zu Bangui, ass e Politiker (Member vu kenger Partei) aus der Zentralafrikanescher Republik. Hie war vu Januar 2008 bis Januar 2013 Regierungschef an ass zanter dem 30. Mäerz 2016 President vu sengem Land, nodeems en de 14. Februar 2016 an am Januar 2021 d'Presidentschaftswale gewonnen hat.

Faustin-Archange Touadéra
Gebuer 21. Abrëll 1957
Bangui
Nationalitéit Zentralafrikanesch Republik
Aktivitéit Politiker, Universitéitsprofesser

Viru senger politescher Carrière war den Touadéra Universitéitsprofesser zu Bangui. Hien huet am Kamerun an a Frankräich Mathematik studéiert gehat. 2004 gouf hie Vizekanzler vun der Universitéit vu Bangui.