Fausse braie

(Virugeleet vu(n) Fausse-Braie)

Eng Fausse braie (dt.: Niederwall oder Vorwall) ass e Festungselement am bastionéierte Festungsbau. Eng Fausse braie besteet aus enger Mauer oder engem Wall, dee méi déif tëscht dem Gruef an dem eigentleche Wall läit fir de Gruef besser ze verdeedegen. Am Géigesaz zu enger Braie oder enger Kontregarde ass eng Fausse braie direkt mat dem eigentleche Rempart verbonnen. Eng Fausse braie ass net mat engem Zwénger vu Festungen aus dem Mëttelalter ze verwiesselen.

Coupe duerch d'Festung Doorsnede; d'Fausse braie ('Fausebray') ass riets direkt um Gruef.

Entwécklung änneren

Fausse braieë goufen haaptsächlech an hollännesche Festungswierker vum 16. a 17. Joerhonnert benotzt. Si bestinn aus Mauere mat Scharten oder Paarten, oder awer aus kasemattéierte Wäll, déi méi déif wéi den eigentleche Rempart leien. Och an der Festung Lëtzebuerg goufe Fausses braieë gebaut, op der Diddenuewener Front, fir eng besser Verdeedegung vum Dall z′assuréieren.

Funktioun änneren

Eng Fausse braie gläicht d′Schwächt vun engem héije Rempart aus, e Gruef dee méi déif läit ze verdeedegen, andeems duerch d'Fausse braie en zweete Rempart mat engem méi nidderegen Niveau geschaf gëtt, dee méi no um Gruef läit. Den Accès an de Gruef gëtt vun dësem Wierk kontrolléiert, grad wéi Deeler vun der Contre-escarpe an de gedeckte Wee op der Contre-escarpe. Duerch seng niddereg Positioun ass eng Fausse braie an der klassescher, hollännescher Bauweis virun direktem Feier besser geschützt wéi den eigentleche Rempart. Et gëtt awer och Variatiounen, zum Beispill an der Festung Lëtzebuerg, wou Fausse braieën dozou gebaut goufe fir den Dall besser ze schützen.

Beispiller änneren