E gedeckte Wee ass e Passage oder Verbindungswee, deen dacks op der Contre-escarpe vun engem Festungswierk verlaf ass an déi eegen Infanterie géint Beschoss schütze sollt. E gedeckte Wee ass net mat engem Schützegruef ze verwiesselen.

Riets am Bild de gedeckte Wee vum Fort Lupin an der Charente

Entwécklung änneren

Nom Opkomme vum Schéisspolfer an der Entwécklung vun Artillerie an Handfeierwaffen huet sech de Festungsbau grondleeënd geännert: Bastiounen hunn Tierm ersat, d'Festungswierker si méi niddereg a méi gedronge ginn, an d'Verdeedegung ass gestaffelt ginn, also méi an d'Déift gaangen. Deemo sollt och net nëmme méi eng Rei Mauere mat Bastiounen eng Plaz verdeedegen, ma eng ganz Rei Wierker hannereneen.

Eent vun de viischten Elementer an där neie Strategie waren d'gedeckt Weeër, déi virun den eigentleche Befestegunge louchen. Si goufen och op d'Contre-escarpe vu Festungswierker gebaut, vu wou aus d'Infanterie de Glacis konnt ënner Feier huelen. Et waren dëst opgeworfe Schanzen aus Buedem, déi zur Festungssäit mat enger Mauer gestützt waren, hanner där sech Verdeedeger schütze konnten. Dës Schanzen hate keng Deckung zu Festungssäit hin, sou datt e Géigner, wann en sou e Wee ageholl hat, keng Deckung géint Beschoss aus der Festung hat. Duerch hir niddereg Positioun war et der Artillerie aus den eigentleche Festungswierker awer ëmmer nach méiglech fir iwwer si ze feieren.

Weider Elementer vu sou Weeër ware Waffeplazen oder Blockhaiser op de Spëtzte fir den eegenen Truppen nach bessere Schutz ze bidden. Den Accès konnt entweeder iwwer eng Ramp aus dem Gruef erop geschéien oder iwwer d'Paarte vun der Festung. Op de Glacis konnt een duerch Passagen, déi sougenannt Sortië kommen.

Militäresch Funktioun änneren

Gedeckt Weeër hunn et éischtens erlaabt, och baussent der Festung Verbindungs- an Transportweeër ze hunn. Gläichzäiteg sollte si déi eegen Infanterie am Glacis viru Beschoss schützen an hunn eng weider Schwieregkeet duergestallt, ier e Belagerer un déi eigentlech Festung konnt kommen.

Beispiller änneren

  • Gedeckte Wee vum Fort Lambert (Festung Lëtzebuerg)