De Faure Essozimna Eyadéma Gnassingbé, gebuer de 6. Juni 1966 zu Afagnan, ass zanter 2005 President vun Togo.

Faure Gnassingbé
Gebuer 6. Juni 1966
Afagnan
Nationalitéit Togo
Educatioun Universitéit Paris-Dauphine,
The George Washington University School of Business
Aktivitéit Politiker, Ekonomist
Famill
Papp Gnassingbé Eyadéma

Faure Eyadéma Gnassingbé ass de Jong vum fréiere President Gnassingbé Eyadéma. No deem sengem Doud gouf en de 5. Februar 2005 vun der Arméi zum President ernannt.

Hien huet zu Paräis an op der Yale University Ekonomie studéiert. Duerno huet hien d'Familljenentreprise geréiert. Am Juni 2002 gouf hien als Member vum Rassemblement du Peuple Togolais (RPT) an d'Parlament gewielt. 2003 gouf e Minister vun den Ëffentlechen Aarbechten, Minièren an Telekommunikatioun. Am Februar 2005 gouf e vun Arméicolonellen zum President vu sengem Land ernannt.

De Faure Eyadéma Gnassingbé huet doropshin ugekënnegt, datt bannent 3 Méint Presidentschaftswalen ofgehale sollte ginn. Bei de Walen gouf hie mat 60 % (erëm)gewielt an de 4. Mee 2005 a sengem Amt vereedegt.

Bei de Presidentschaftswale vum 5. Mäerz 2010 gouf hie vun der Walkommissioun zum Gewënner (60,9 %) ausgeruff. Oppositionell Parteien hunn him Walmanipulatioun virgeworf.

Um Spaweck änneren

Commons: Faure Gnassingbé – Biller, Videoen oder Audiodateien