D'Fanfare Izeg gouf 1920 zu Izeg gegrënnt an ass eng vun zwou Museken aus der Gemeng Hesper.

Haut besteet de Veräin aus enger Ekipp vun zirka 47 Musikanten, déi ënner der Leedung vun der Lynn Mohr bei ville Manifestatiounen dobäi ass, a mat deenen adequaten Téin fir déi richteg Stëmmung suergt.

All Saison studéiert a présentéiert d'Izeger Musek dräi Programmer: e Chrëschtconcert, e Galaconcert am Fréijoer an e Summerprogramm.

De Repertoire geet duerch all Beräicher vun der Blosmusek.

Nieft dem groussen Orchester spillt d'Strëpp vun der Izeger Musek (Heebléiser) an enger klenger Formatioun bei ville Manifestatiounen am Land der Situatioun ugepasste Lidder.

Um Spaweck änneren