Fanfare Concordia Beckerich

D'Fanfare Concordia Beckerich ass d'Duerfmusek vu Biekerech.

Se gouf am Februar 1924 gegrënnt an huet deemools aus 29 Musikante bestanen.

Am Joer 1947 ass se der UGDA bäigetratt.

Eng traditionell Aktivitéit vun der Musek ass fir all Joer op Päischtdënschte bei der Sprangpressioun zu Iechternach matzemaachen. Déi lescht Repetitioun dofir ass traditionell live den Dag virdrun an der Willbrordspressioun zu Giisch.

Am Musekssall, deen an der Strooss läit, déi um Fouss vum Kuelebierg erduercht leeft, gëtt all Joer vun der Musek en Theaterstéck opgefouert.

Den aktuelle President ass de Josy Schweicher.

Um Spaweck änneren