Falklandkrich
De Falklandkrich (op Englesch: Falklands War, op Spuenesch: Guerra de las Malvinas), war e Krich tëscht Argentinien an dem Vereenegte Kinnekräich ëm zwee brittesch Iwwerséigebidder am Südatlantik: d'Falklandinselen an d'South Georgia a South Sandwich Islands. En huet freides, den 2. Abrëll 1982 ugefaangen, wéi Argentinien op de Falklandinselen debarquéiert ass a se besat huet (an deen Dag drop déi aner Inselen), mam Zil, hire joerzéngtelaangen Usproch op d'Inselen z'erfëllen. De 5. Abrëll huet d'brittesch Regierung, fir déi d'Inselen eng Krounkolonie waren, déi zënter 1841 hir waren, Schëffer a Fligerdréier dorower geschéckt. No enger Séischluecht hunn d'Britten hirersäits d'Insele bestat an nees ënner Kontroll bruecht.
De Konflikt huet 74 Deeg gedauert an ass de 14. Juni 1982 op en Enn gaangen. 649 argentinesch an 225 brittesch Zaldote sinn ëm d'Liewe komm, sou wéi och 3 Inselawunner.
1986 hunn d'Awunner vun de Falklandinselen an engem Referendum majoritär derfir gestëmmt, weider zu Groussbritannien ze gehéieren.
De Krich hat staark Auswierkungen op déi zwee betraffe Länner, besonnesch an Argentinien: Do koum no der Néierlag zu grousse Protester géint d'Miliärjunta, déi doropshin huet missen zerécktrieden. Am Vereenegte Kinnekräich gouf d'Regierung vun der Margaret Thatcher (Conservative Party) 1983 bei de Parlamentswalen haushéich erëmgewielt.
1989 goufen nees diplomatesch Bezéiungen tëscht dem Vereenegte Kinnekräich an Argentinien opgeholl. D'Meenungen, weem d'Insele sollte gehéieren, si weiderhin onverännert. 1994 huet Argentinien den Usproch op d'Inselen a seng Verfassung agedroen.