Déi sougenannt NIKE-FIBA-Weltranglëscht ass déi offiziell Weltranglëscht am Basketball a gëtt vum Weltverband Fédération Internationale de Basketball (FIBA) gefouert. Si gouf am Joer 2016(?) fir d'éischt Kéier verëffentlecht an erméiglecht et, a reegelméissegen Ofstänn d'Stäerkt vun den international aktiven Nationalekippen ze bestëmmen an ze vergläichen.

Aktuell Ranglëscht vun den Hären änneren

An der aktueller Ranglëscht (Stand: 28. November 2017) steet USA un der Spëtzt. Op de Plazen zwee an dräi komme Spuenien a Serbien.

Lëtzebuerg ass zurzäit op der 72. Plaz mat 49,9 Punkten.

Plaz Land Punkten
1. USA  USA 735.0
2. ESP  Spuenien 704.7
3. FRA  Frankräich 644.0
4. SRB  Serbien 642.9
5. ARG  Argentinien 617.7
6. LTU  Litauen 614.0
7. SLO  Slowenien 581.2
8. CRO  Kroatien 547.4
9. GRE  Griicheland 525.9
10. AUS  Australien 459.9
...
77. LUX  Lëtzebuerg 51.5
...
106.* AND  Andorra 22.9
...
113.* MLT  Malta 18.7
...
116.* SMR  San Marino 17.5
...
135.* GIB  Gibraltar 6.4
...
147.** MWI  Malawi 0.6

Notten:

  • * – en europäeschen "Zwergstaat", niewent Lëtzebuerg
  • ** – déi lescht Plaz

Aktuell Ranglëscht vun den Dammen änneren

An dëser aktueller Ranglëscht (Stand: 27. August 2017) steet USA un der Spëtzt. Op de Plazen zwee an dräi komme Spuenien a Frankräich.

Lëtzebuerg huet 0 (null) Punkten, dofir ass si net an der Ranglëscht.

Plaz Land Punkten
1. USA  USA 1000.0
2. ESP  Spuenien 690.0
3. FRA  Frankräich 550.0
4. AUS  Australien 467.0
5. CAN  Kanada 356.0
6. CZE  Tschechien 352.0
7. TUR  Tierkei 308.0
8. SRB  Serbien 278.0
9. BRA  Brasilien 268.0
10. CHN  China 250.0
...
79.** ROU  Rumänien 1.0

Notten:

  • ** – déi lescht Plaz

Um Spaweck änneren