Am portugisesche Fändel steet dee gréngen Deel fir d'Land an dee roude fir d'Bluttvergéisse wärend der Reconquista. Déi giel Sphären an der Mëtt stellen d'Welt duer, sou wéi déi portugisesch Entdecker am 15. an am 16. Joerhonnert se gesinn hunn. Déi fënnef kleng blo Schëlter sti fir déi fënnef verschidde mauresch Kinneke géint déi gekämpft gouf fir se aus Portugal ze verdreiwen. Déi siwe Buerge symboliséieren d'Haaptbuerge vu Portugal wéi zum Beispill d'Buerg vu Guimarães déi dem Dom Afonso Henriques gehéiert huet a vu wou aus Portugal entstanen ass.

De Portugisesche Fändel vun 1911 un
De Portugisesche Fändel (1830-1910)

Um Spaweck änneren

Commons: Fändele vu Portugal – Biller, Videoen oder Audiodateien