Energetic Particles Explorer

(Virugeleet vu(n) Explorer 12)

Den Energetic Particles Explorer (EPE, ufanks och S-3) war eng Serie vu véier Fuerschungssatellitten am Explorer-Programm vun der NASA. Si hu gelueden Deelercher am Äerdmagnéitfeld an am Sonnewand ënnersicht.

Explorer-15 (EPE-C)
Start vum Explorer 14 (EPE-B) op enger Delta-A-Rakéit

Fir d'Ënnersich vun der Stralenceinture z'erméigleche goufen d'Satellitte vun der Cape Canaveral Air Force Station mat Delta-Rakéiten an déi héichelliptesch Ëmlafbunne bruecht.

Den Explorer 15 huet speziell déi beim Starfish-Prime-Kärwaffentest, entstane kënschtlech Stralungsceinture erfuerscht.

D'Satellittestruktur hat d'Form vun engem oktogonale Prisma, deen op der ënneschter Säit mat engem koneschen Adapter zu der Drorakéit hin ofgeschloss huet. Véier wandmillenaarteg installéiert Solarzellenausleeër goufen nom Start ausgefaalt an hu fir d'Energie gesuergt. Op der ieweschter Säit war op engem Mast e Magnéitometer fixéiert.

D'Satellitte vun der EPE-Serie ware spinstabiliséiert.

Instrumenter am Satellit waren: Magnéitometer souwéi verschidde Protonen-, Elektronen- a Plasma-Detekteren.

Missiounen

änneren
Explorer Numm Datum Startrakéit Startplaz Apogeum Perigeum Inklinatioun Mass Bemierkung
Explorer 12 EPE-A 16. August 1961 Delta Cape Canaveral AFS 314 km 77.310 km 33,10° 38 kg Huet bis de 6. Dezember 1961 geschafft
Explorer 14 EPE-B 2. Oktober 1961 Delta-A Cape Canaveral AFS 281 km 98.530 km 32,95° 40 kg Huet bis den 11. August 1963 geschafft
Explorer 15 EPE-C 27. Oktober 1962 Delta-A Cape Canaveral AFS 313 km 17.640 km 18,02° 45 kg
Explorer 26 EPE-D 21. Dezember 1964 Delta-C Cape Canaveral AFS 316 km 26.191 km 20,14° 46 kg Huet bis de 26. Mee 1967 geschafft

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren