Den Evans Paul, gebuer de 25. November 1955, genanntK-plume (KP), ass en haitianesche Politiker. Hie war President vum Komite inite Demokratik, KID. An den 1990er Jore gouf hie Buergermeeschter vu Port-au-Prince. 2006 war hien - ouni Succès - Kandidat bei de Presidentewalen.

Evans Paul
Gebuer 25. November 1955
Port-au-Prince
Nationalitéit Haiti
Aktivitéit Politiker, Premierminister, Journalist

De 25. Dezember 2014 huet den haitianesche President Michel Martelly dem Paul seng Nominatioun zum neie Premierminister bekanntgemaach. En huet säin Amt de 16. Januar 2015 ugetrueden. De 26. Februar 2016 huet säin Nofollger d'Amt iwwerholl.

Um Spaweck änneren

Commons: Evans Paul – Biller, Videoen oder Audiodateien