Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Europahymn ass d'Nationallidd vun de Länner vum Europarot an de Länner vun der Europäescher Unioun. Lauschtert d'Europahymn.

Den Europafändel

Wat ass d'Europahymn änneren

D'Europahymn ass d'Hymn vun der Europäescher Unioun. D'Melodie staamt aus dem 4. Saz vun der 9. Sinfonie vum Ludwig van Beethoven (1823). Et ass d'Instrumentalversioun vun der sougenannter Ode an die Freude.
Wann och vill Europäer fir e gesongenen Text plaidéieren, da gëtt et sou een Text offiziell nach net. Ma et gouf versicht, sou een Text an de verschiddene Sprooche virzeschloen.

Geschicht vun der Europahymn änneren

Am Joer 1972 huet den Europarot sech op déi Melodie als Europahymn festgeluecht. An 1985 hunn d'Staats- a Regierungscheffe vun der Europäescher Unioun hirersäits där Melodie de Charakter vun enger offizieller Europahymn ginn. Si soll d'national Hymne vun den eenzele Memberlänner net ersetzen, ma e Symbol vun de gemeinsame Wäerter sinn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Symboler vun der Europäescher Unioun – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.