Eupener Gruef ass am Héije Venn d'Bezeechnung fir zwéi Grief.

Deen een ass e klenge Gruef, deen d'Gileppe mat der Soor an hirem ieweschte Laf verbënnt. E gouf am 18. Joerhonnert ugeluecht, op Ufro vun den Eupener Gierwer a Wiewer, fir Produktiounsausfäll duerch Waassermanktem ze reduzéieren.

Den anere Gruef, och nach Maria-Theresie-Gruef genannt, gouf 1774 vun der Maria Theresia vun Éisträich uleeë gelooss, fir Grenzstreidereien tëscht dem Herzogtum Limburg an dem Herzogtum Jülich ze zëssen. De Gruef ass 3,8 km laang an e féiert schnouerriicht vun Norden no Süden duerch de Platte Venn. E läit op der Grenz tëscht dem Königlichen Torfmoor am Westen an dem Brackvenn, ëstlech dovun. De Gruef ass zimmlech verwuess an net liicht z'erkennen. Vun der N67 aus kann een iwwer en Holzstee dolaanscht goen.