Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Eugenia Osterberger, gebuer als Prudencia Eugenia Juana Osterberger Luard den 20. Dezember 1852 zu Santiago de Compostela[1] a gestuerwen den 8. Februar 1932[2] zu Nice a Frankräich, war eng spuenesch Komponistin a Pianistin aus der Zäit vun der Romantik[3][4]. No dem Bestietnes gouf si och als Mme Saunier ernimmt[2].

Eugenia Osterberger
Gebuer 20. Dezember 1852
Santiago de Compostela
Gestuerwen 8. Februar 1932
Nice
Nationalitéit Spuenien
Aktivitéit Komponist, Pianist

Si ass an enger Famill vun elsässescher Ofstamung op d'Welt komm. Vun 9 Joer un huet si ëffentlech Piano gespillt[5].

D'Osterberger war déi eenzeg Belle-Époque-Musekerin aus Galicien[5]. Si war d'Autorin vu Salonkompositioune fir Piano, ënner anerem: Méditacition (Nocturne), Les Hirondelles, Lucia (Walzen), Pavana Louis XIII (Pavan) asw[6]. Si gouf och als Autorin vun der Musek fir italieenesch Lidder (Ma mi dicesti, opus 158, Ove sei?) a fir spuenesch a galicesch Lidder (¡Adiós, Galicia!, Ausencia, Falas de nai, ...) bekannt[3]. D'Musekskompositiounen a Lidder vun der Osterberger hunn dacks vill galicesch Motiver[4].

D'Eugenia Osterberger war eng vun den éischte Membere vun der Kinneklecher Akademie vu Galicien[7]. Si war mam franséischen Entreprener François (Francisco) Saunier bestuet[3]. Zanter 1907 huet d'Osterberger a Frankräich gelieft[4]. A Frankräich huet si nach als Musekerin geschafft, hir Museksaktivitéit am neie Land war awer manner bekannt.[2].

D'Osterberger war och a Galicie ganz wéineg bekannt, allerdéngs ass den Interessi un hir haut méi grouss a se gëtt als eng vun den notabele Figure vun der galicescher Musek consideréiert[5],[8],[9].

Um Spaweck

änneren
Commons: Eugenia Osterberger – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. https://academia.gal/novas/-/asset_publisher/E4jf/content/id/401520
  2. 2,0 2,1 2,2 http://www.elcorreogallego.es/opinion/firmas/ecg/ramon-g-balado-eugenia-osterberger-compositora-galega-da-belle-epoque/idEdicion-2017-03-30/idNoticia-1048348/
  3. 3,0 3,1 3,2 https://www.mundoclasico.com/articulo/19152/Eugenia-Osterberger-recuperar-la-memoria-hist%C3%B3rica
  4. 4,0 4,1 4,2 http://igualdade.xunta.gal/gl/protagonistas/eugenia-osterberger
  5. 5,0 5,1 5,2 http://praza.gal/cultura/14373/unha-muller-non-podia-tocar-musica-so-un-pouquino-para-adornar-o-seu-curriculo-e-casar-ben/
  6. Archive copy Archivéiert de(n) 2018-01-02. Gekuckt de(n) 2018-03-18.
  7. http://biblioteca.galiciana.gal/gl/catalogo_imagenes/grupo.cmd?path=1157760&interno=S&posicion=14&presentacion=pagina
  8. Archive copy Archivéiert de(n) 2018-02-14. Gekuckt de(n) 2018-03-17.
  9. https://www.lavozdegalicia.es/noticia/cultura/2014/06/12/galicia-redescubre-olvidada-gran-compositora-siglo-xix/0003_201406G12P42991.htm