Essener Millen

fréier Millen zu Essen an der Gemeng Miersch
(Virugeleet vu(n) Essener Uelzechtmillen)


D'Mille vun Essen, och nach Uelegsmillen oder Monens Millen genannt, ass eng fréier Millen, déi zu Essen direkt bei der Uelzecht steet a vun där ugedriwwe gouf.

Essener Millen
Land Lëtzebuerg
Gemeng Miersch
Plaz Essen
Koordinaten 49°46'46,63"N, 6°7'0,98"O
Datum vum Bau 1773
Proprietär Privat

Op där Plaz gouf ëm 1773 eng éischt Mille gebaut, déi zum Nopeschhaff gehéiert huet[1]. An der Mëtt vum 19. Joerhonnert hunn den Haff an d'Millen enger Famill Monen gehéiert, wouhier se och hiren Numm huet[2]. 1875 huet de Bau vun der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen Grenz d'Mille vum Haff getrennt.

1877 gouf eng nei Mille gebaut, déi bis haut erhalen ass. Si gouf 1930-1933 vergréissert a war bis 1948 a Betrib. Dat selwecht Joer gouf eng Francis-Turbinn vun der Firma Voith agebaut, fir elektresche Stroum ze produzéieren. Mam Millebetrib gouf nom Zweete Weltkrich opgehalen[2].

D'Millenanlag, mat Millerad a Walzsteen, ass bis haut erhalen. Och d'Turbinn, déi duerch 6 Meterkibb Uelzechtwaasser an der Sekonn, mat enger Fallhéicht vun 3,2 Meter, ugedriwwe gëtt, liwwert bis haut Stroum.

D'Mille gouf Enn vun den 2010er Jore renovéiert.

Den 21. September 2021 gouf proposéiert, d'Millen, mam Millegruef a mam Wier, als nationaalt Monument ze klasséieren. Fir d'Mille leie positiv Avise vum Kulturminsitère an der Gemeng vir, fir de Gruef schéngt et awer Problemer mam Waasserwirtschaftsamt ze ginn, well Projete bestinn fir d'Uelzecht fir d'Fëschwanderung duerchgängeg ze maachen. Dat géif bedeiten, datt d'Millen net genuch Waasser kréich[2]. D'Klasséierung als nationaalt Kulturierwe war den 31. Mäerz 2022.[3]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Essener Millen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Wolf von Leipzig: "Luxemburgs Bau-Erbe: Denkmalschutz als Passion." wort.lu, 07.04.2020.
  2. 2,0 2,1 2,2 Frank Weyrich, „Leichter gesagt als getan“, Luxemburger Wort 05.06.2021, S. 36
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).