Den Escher Déierepark ass en Zoo um Gaalgebierg zu Esch-Uelzecht.

Escher Déierepark
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Plaz Gaalgebierg
Koordinaten 49°28'57,8"N, 5°59'5,8"O
Fläch 2 ha
Eent vun de Bamhaiser am Bau (2017)
De Bauerenhaff am Déierepark

En existéiert zënter 1962 an huet eng Fläch vun 2 Hektar.[1],[2] D'Entrée ass gratis.

2023 waren do ronn 25 Déierenaarten ze gesinn, dorënner Réi, Geessen a Geessebéck, Huesen, Gänsen, Pohunnen a Wäschbieren. D'Visiteure kënnen den Déiere speziellt Fudder ginn, dat an engem Fudderautomat disponibel ass.

Zum Escher Déierepark zielen och e pedagogesche Bauerenhaff, de "Bamhauscafé" an d'"Escher Bamhaiser", an deenen een eng Nuecht verbrénge kann.

Fir de Café a fir d'Bamhaiser mat den Zëmmeren, an deene Plaz fir véier bis sechs Leit ass, huet d'Stad Esch ronn 1,5 Milliounen Euro investéiert. Si goufen 2018 ageweit.[3] Bei de Luxembourg Tourism Awards vum Tourismusministère goufen d'Escher Bamhaiser an der Kategorie "Gîte, Bed&Breakfast, Auberge de jeunesse" an den Escher Déierepark an der Kategorie "Service touristique" ausgezeechent.[4]

Offiziell Websäit änneren

Referenzen änneren

  1. De Park op petitfute.com
  2. jeanette.lu: Escher Déierepark : une sortie estivale gratuite pour toute la famille! (15. Juli 2021)
  3. paperjam.lu: Une nuit dans les arbres, entre biches et chèvres vun der Mathilde Obert (31. August 2020)
  4. meco.gouvernement.lu: Lex Delles a remis les "Luxembourg Tourism Awards" (15. Oktober 2021)