Eschbach ass eng Uertschaft an der Gemeng Usingen am däitsche Bundesland Hessen. Si war fréier eng eegestänneg Gemeng am Hochtaunuskreis. Als Resultat vun enger Territorialreform an Hessen ass si zënter dem 1. August 1972 Deel vun Usingen.

Eschbach
Land Däitschland
Bundesland Hessen
Regierungsbezierk Darmstadt
Krees Hochtaunuskreis
Gemeng Usingen
Awunner
Fläch 18,85 km²
Héicht 314 m
Koordinaten 50° 21’ 25’’ N
      08° 32’ 13’’ O
Telefonszon 06081
Postcode 61250

1280 gouf d'Duerf fir d'éischte Kéier ernimmt. Deemools war et Deel vun der Grofschaft Cleeberg a gouf och nach Aschebach oder Kettern-Eschbach genannt. Bis zur Reformatioun huet Eschbach kierchlech a rechtlech zu Grävenwiesbach gehéiert. No der Reformatioun krut Eschbach seng eege Por.

Eschbach läit laanscht d'Bach mam selwechten Numm, um nërdleche Bord vum Usinger Becken an domat um nordëstleche Bord vum Taunus. D'Uertschaft ass vu Mëschbëscher, Felder a Wisen ëmginn. 2 km südlech läit Usingen an 32 km südlech läit Frankfurt am Main.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Eschbach (Usingen) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren