Den Erwin Kuffer, gebuer de 16. September 1943 an der Stad Lëtzebuerg, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.[1]

Erwin Kuffer
Gebuer 16. September 1943
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Ofwierspiller
Veräin/Ekipp Royal Standard de Liège,
Red Boys Déifferdeng,
Red Boys Déifferdeng,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Tëscht dem 17. Februar 1965 am 15. November 1970 huet den Erwin Kuffer 28-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[2]

Vun 1961 bis 1966 huet hie fir d'FA Red Boys Déifferdeng gespillt, duerno ass hie bei den Olympique Lyon gaange wou hie bis 1969 bliwwen ass. Vun 1969 bis 1971 war hie beim Standard Léck, duerno war hie bei Waterschei THOR Genk. Wéi hien zeréck op Lëtzebuerg koum huet hie bei de Red Boys Déifferdeng gespillt.

1975 gouf hien Trainer beim FC Koeppchen Wuermer a vun 1981 un war hien Trainer bei AS Réimech.[3]

Referenzen änneren

  1. Den Erwin Kuffer op der Websäit vun der Football Database.eu
  2. Den Erwin Kuffer op der Websäit vun European Football
  3. De Portrait vum Erwin Kuffer op profootball.lu