Ernest Werling

lëtzebuergesche Moler

Den Ernest Werling, gebuer de 15. Mee 1851 zu Lëtzebuerg, gestuerwen den 22. Abrëll 1916 zu Köln, war e lëtzebuergesche Banquier a Moler.

Ernest Werling
Gebuer 15. Mee 1851
Lëtzebuerg
Gestuerwen 22. Abrëll 1916
Köln
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Banquier
Member vun Cercle artistique de Luxembourg
Luxembourg au XIe siècle. Reconstruction (1890)

Liewen a Wierk

änneren

Den Ernest Werling war e Jong vum Peter Joseph Heinrich Werling an der Gertrud Hartmann.[1] Säi Papp war en däitsche Banquier, dee sech zu Lëtzebuerg etabléiert hat. No deem sengem Doud, 1863, huet e Schwoer d'Direktioun vun der Bank iwwerholl, bis den Ernest volljäreg war. 1873 gouf de Werling duerch Naturalisatioun Lëtzebuerger. 1881 huet hie mam August Lambert d'Banque Werling, Lambert et Cie gegrënnt.[2]

De Werling war en Autodidakt als Kënschtler, hie war Member vum Cercle Artistique de Luxembourg. Hien huet virun allem Aquarelle gemoolt, gouf awer méi bekannt duerch seng Fiederzeechnungen, ë. a. vun historesche Rekonstruktioune vun ënner anerem der Stad Lëtzebuerg, der Buerg Veianen an dem Fort Thüngen.[3]

Wierker vun him ginn haut am Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht versuergt.[4]

Den Ernest Werling war a medezinescher Behandlung zu Köln, wou en 1916 am Alter vu 64 Joer gestuerwen ass.[2]

Wierker (Auswiel)

änneren
  • 1867 Ensemble du fort Thüngen et des fortifications adjacentes, Fiederzeechnung.
  • 1887 Luxembourg, en 1683, Fiederzeechnung.
  • 1889 Aquarelle et dessin à la plume de l'ancien corps de garde qui se trouvait derrière la maison de M. E. Werling.
  • 1890 Luxembourg au XIe siècle. Reconstruction. Essai de restitution du château de Sigefroy, avec la première enceinte de la ville (963-1050),[5]
  • Aquarelle du palais et des jardins du château de Mansfeld.

Um Spaweck

änneren

Kuckt och

änneren

Referenzen

änneren
  1. Etat-civil vun der Stad Lëtzebuerg; Gebuerten 1851, Akt Nr. 219.
  2. 2,0 2,1 "Banque Werling, Lambert et Cie", industrie.lu: d'Industriegeschicht vu Lëtzebuerg.
  3. Constant de Muyser (1896) Cartographie Luxembourgeose. Luxemburg: V. Buck.
  4. Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Luxemburg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6, S.370.
  5. in: Jean-Pierre Biermann (1890): Abrégé historique de la ville et forteresse de Luxembourg. Luxemburg: Jos. Beffort.; kuckt och: Pit Péporté (2011) Constructing the Middle Ages : Historiography, Collective Memory and Nation-Building in Luxembourg. Leiden: Koninklijke Brill NV. ISBN 978-90-04-21067-7 S.38-40, 44, 47, 58-59.