Den Ernest Mengel, genannt Enschy, gebuer de 27. Mäerz 1913 zu Diddeleng an do gestuerwen de 16. Dezember 1968, war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.[1]

Ernest Mengel
Gebuer 27. Mäerz 1913
Diddeleng
Gestuerwen 16. Dezember 1968
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Ugräifer
Veräin/Ekipp Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp
Famill
Geschwëster Florian Mengel

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1936 zu Berlin vertrueden.[2]

Tëscht dem 21. Januar 1934 am 10. Mäerz 1946 huet den Ernest Mengel an 28 Matcher 8 Goler fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp geschoss.[3]

Hien ass de klenge Brudder vum Florian Mengel.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Den Ernest Mengel op der Websäit vu sports-reference.com
  2. Den Ernest Mengel op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  3. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Ernest Mengel op der Websäit vun European Football