Erkanfrida

Gräfin vu Loutrengen
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Erkanfrida war Gräfin vu Loutrengen an huet am 9. Joerhonnert gelieft. Si war mam Nithard, Grof vun Tréier an éischte Schlasshär vu Miersch, bestuet. Hiert Testament vum 1. Abrëll 853[1] ass den eelste Mierscher Akt[2]. Nom Doud vun hirem Mann géint 843 ass si an ee Klouschter zu Tréier agetrueden[3].

Erkanfrida
Gestuerwen 9. Joerhonnert jul.
Famill
Bestuet mat Nithard

No hir benannt

änneren

Zu Miersch ass eng Strooss no hir benannt: d'Rue Erkanfrida.

Um Spaweck

änneren

Literatur

änneren
  • Omont Henri, Testament d'Erkanfrida, veuve du comte Nithadus de Trèves (853); in: Bibliothèque de l'école des chartes, 1891, tome 52. pp. 573–577.
  • Sauerland H. V., Das Testament der lothringischen Gräfin Erkanfrida, Jahrbuch der Gesellschaft für lothringische Geschichte und Altertumskunde, 6, 1894, p. 288-292, et 8, 1, 1896, p. 205-234.
  • Waitz G., Testament der Erkanfrida (um 860), Forschungen zur Deutschen Geschichte, 18, 1878, p. 182-184.

Referenzen

änneren
  1. Informations touristiques. Commune de Mersch. Archivéiert de(n) 20.04.2021. Gekuckt de(n) 03.04.2021.
  2. Geschichtsfrënn Miersch. Vom Mittelalter zur Französischen Revolution. Archivéiert de(n) 20.04.2021. Gekuckt de(n) 03.04.2021.
  3. Conseil National des Femmes du Luxembourg. Les rues au féminin. Édition 2020.