Entente Izeg / CeBra
Entente Izeg/CeBra | ||||
Offiziellen Numm: | Entente Izeg/CeBra | |||
---|---|---|---|---|
Grënnung: | 2018 | |||
Stadion: | Stade Albert-Kongs a Stade Boy-Konen | |||
Plazen: | 1200 / 1000 | |||
President: | Bob Scholer Yves Laux | |||
Trainer: | Fernando Reis Da Silva, Chantal Graas | |||
Liga: | 1. Liga | |||
Saison: | 2020/21 | |||
Positioun: | 6. | |||
|
D'Saison 2021/22 trëtt d'Dammenekipp vum FC Blo-Wäiss Izeg am Dammefoussballchampionnat als Entente Izeg/CeBra (Dammen I) respektiv als CeBra/Izeg (Dammen II) un.
Dës Entente resultéiert aus dem Zesummeschloss vun den 2 Fussballveräiner FC Blo-Wäiss Izeg an FC CeBra 01 vun Zéisséng.
D'éischt Ekipp spillt an der 1.Liga vum Lëtzebuerger Championnat a gëtt trainéiert vum Fernando Reis Da Silva a Chantal Graas. D'2.Ekipp spillt an der 2.Liga a gëtt vum Joel Da Rocha trainéiert.
D'Heemmatcher vun deenen 2 Formatioune ginn um Terrain vum FC CeBra 01, dem Stade Boy-Konen (Zéisséng) gespillt. D'Traininge wäerten zu Izeg um Stade Albert-Kongs an zu Zéisseng um Stade Boy-Konen ofgehale ginn.
2021/22 hëlt och nees eng Ekipp "Jeunes Filles" um Lëtzebuerger Dammechampionnat deel. Si spillt an der 1.Klass, awer net als Entente, mä eegestänneg als FC Blo-Wäiss Izeg. Hir Trainere sinn de Malick Soumare an Jimmy Merle.
Statistik:
- Saison 2018/19: 1. Liga: 5. Plaz/12, 36 Punkten
- Saison 2019/20: 1. Liga: 4. Plaz/12, 21 Punkten°° (°°D'Saison gouf nom 13.Spilldag ofgebrach)
- Saison 2020/21: 1. Liga: 6. Plaz/14, 47 Punkten
- Saison 2021/22: 1. Liga: 7. Plaz/13, 33 Punkten